Op den Inhalt sprangen

Dicks-Lentz-Monument

Vu Wikipedia
Dicks-Lentz-Monument
D'Monument (2016) no der Renovéierung vun der Plaz.
Typ Monument
Land Lëtzebuerg
Gemeng Lëtzebuerg
Plaz Square Jan-Palach
Koordinaten 49° 36’ 40.63’’ N
      06° 07’ 42.95’’ O
Ageweit 11. Oktober 1903
Kënschtler Pierre Federspiel
Architekt Georges Traus
Zu Éiere vun Edmond de la Fontaine,
Michel Lentz

D'Dicks-Lentz-Monument ass e Monument um Square Jan Palach bei der Plëss d'Arem an der Stad Lëtzebuerg dat un déi lëtzebuergesch Dichter Edmond de la Fontaine, genannt Dicks, a Michel Lentz erënnert.

De Plang vum Monument ass vum Architekt Georges Traus. D'Skulpture si vum Pierre Federspiel a fir de Schmadd huet den Hubert (Hip) Schmit, dee Schmadd zu Biissen war, Modell gestanen.

D'Aweiung vum Monument war den 11. Oktober 1903.

Ursprénglech war ronderëm d'Monument eng Plantatioun ugeluecht an e Gelänner installéiert ginn. Beim Reamenagement vun der Plëss d'Arem kuerz no 1985 gouf d'Gelänner ewechgeholl an d'Plantatioun duerch e Buer ersat. Wéi d'Plaz am Joer 2015/16 nei amenagéiert gouf, ass dëse Buer erëm ewechgeholl ginn.

D'Monument besteet aus engem ronne Sockel, mat dräi Träppleken, op deem eng Sail steet. De Kapp (Kapitell) vun der Sail ass mat Lorberkränz behaangen. Uewendrop sëtzt e bronze Léiw, deen de Wope vu Lëtzebuerg mat senger rietser Patt presentéiert.

Nieft der Sail steet e Schmadd dee mat engem Hummer op der Schëller a mat gehuewenem Aarm de Feierwon vum Michel Lentz séngt[1]. Géintiwwer ass eng Fra am Gaang e Blummenarrangement ze fixéieren, dat béidsäiteg laanscht en Hallefrelief mat de Portraiten, am Profil, vum Dicks a vum Lentz erofhänkt.

Ëm d'Sail erop leeft de Refrain aus dem Feierwon: Mir wëlle bleiwe wat mir sin. D'Monument ass dofir och e Symbol fir de Fräiheetswëlle vum Lëtzebuerger Vollek[2].

Op der Récksäit vu Monument steet geschriwwen: Dem Dicks am Lentz vum Lëtzebuerger Volleck opgericht 1903.

Wéi et zum Monument koum

[änneren | Quelltext änneren]

Wéi de 24. Juni 1891 den Edmond de la Fontaine zu Veiane gestuerwen ass, gouf e Comité gegrënnt fir him e Monument opzeriichten. Och nom Doud vum Michel Lentz, den 8. September 1893, gouf sou e Comité gegrënnt. Am Dezember 1893 sinn déi zwéi Comitéë fusionéiert, dat warscheinlech op d'Initiativ vum Staatsminister Paul Eyschen. Et gouf geplangt ee Monument fir déi zwéin Nationaldichter zesummen opzeriichten. (Pikant dobäi war, datt déi zwéi Schrëftsteller zu Liefzäite wéineg Sympathië fir eneen haten)[2]. Eng Kommissioun, zesumme gesat aus dem Paul Eyschen, Tony Dutreux a Franz Heldenstein, gouf chargéiert e Concours fir Kënschtler ze organiséieren. Et war d'éischt virgesinn, d'Monument um Roude Pëtz opzeriichten.

Ënner deenen aacht Projeten déi am Stadhaus ausgestallt waren, huet de Jury am Januar 1896 de Projet vum Michel Traus, Architekt, an dem Pierre Federspiel, Sculpteur, erausgesicht. Hire Projet huet aus zwéi jonke Leit op enger Bänk bestanen, déi dat lëtzebuergescht Vollekslidd sollte symboliséieren. Dëse Projet gouf awer spéider remodeléiert, bis d'Monument zu deem gouf wat haut ze gesinn ass.

Et sollt nach siwe Joer dauere bis datt d'Monument den 11. Oktober 1903 konnt ageweit ginn. Finanzéiert gouf et mat Hëllef vun enger nationaler Souskriptioun a mat Subside vun der Regierung an der Stad Lëtzebuerg[3].

Si war den 11. Oktober 1903. 85 Veräiner ware bei der Aweiung dobäi. Si huet mam Dicks-Lentz-Marsch ugefaangen, dee vum Philipp Manternach komponéiert gi war. D'Riede goufe gehale vum Paul Elter, President vum Comité fir d'Monument, dem Staatsminister Paul Eyschen an dem Émile Mousel, Buergermeeschter vun der Stad Lëtzebuerg.

A senger Ried huet de Paul Eyschen drop higewisen, datt d'Monumenter iwwer d'Éierung vun deenen zwéin Nationaldichter eraus och de Fräiheetswëlle vum Lëtzebuerger Vollek ausdrécke soll.

Eng feierlech Kantat, komponéiert vum Lexi Brasseur op en Text vum Pol Clemen, gouf vun 340 Sänger virgedroen.

D'Feier koum zu engem Enn mat der patriotescher Hymn Ons Sprooch (Text vum Nik Welter, Musek vum Jean-Pierre Beicht), déi vum Stater Gesangveräin Les enfants de Luxembourg gesonge gouf[4].

Referenzen an Notten

[Quelltext änneren]
  1. Léon Blasen 1985.
  2. 2,0 2,1 Probst 1985
  3. Source fir d'Virgeschicht vum Monument: Jean Probst 1985. Versioun vum 9. Mee 2012.
  4. Source fir d'Aweiung: Léon Blasen 1985. Versioun vum 9. Mee 2012.