Diddelenger Musekschoul

Vu Wikipedia
Zur Navigation springen Zur Suche springen
Musical note nicu bucule 01.svg Dëse Museksartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

D'Diddelenger Musekschoul ass de 7. Dezember 1946 gegrënnt ginn. Am Ufank si Coursen ugebuede gi fir Solfège, Gesang a Blosinstrumenter. 1951 si Coursen fir Piano, Gei an Cello dobäi komm. Vun 1986 un sinn d'Aktivitéiten vun der Museksschoul regional ausgedehnt ginn. Vun do un ass d'Zuel vun ongeféier 150 Schüler kontinuéierlech eropgaangen.

Haut (2016) huet d'Musekschoul bal 1000 Schüler an zirka 50 Enseignanten, déi 1700 Coursen halen. D'Schüler kommen aus de Gemengen Diddeleng, Beetebuerg, Réiser a Weiler zum Tuerm[1]

D'Musekschoul huet hire Sëtz am Gebai vum Kulturzentrum Opderschmelz, respektiv dem Centre national de l'audiovisuel.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Ecole régionale de musique: Secrétariat