Didier Lockwood
Ausgesinn
| Didier Lockwood | |
|---|---|
|
| |
| Gebuertsnumm | Didier André Paul Lockwood |
| Pseudonym | Didier Lecoude, Stöth Malawëlëkaahm |
| Gebuer |
11. Februar 1956 Calais |
| Gestuerwen |
18. Februar 2018 18. Arrondissement |
| Doudesursaach | Häerzschlag |
| Nationalitéit | Frankräich |
| Educatioun | École Normale de Musique de Paris |
| Aktivitéit | Komponist, Violonist, Jazzmuseker, Filmkomponist |
| Auszeechnungen | Chevalier vun der Légion d'honneur, Commandeur de l'ordre national du Mérite |
| Famill | |
| Bestuet mat |
Caroline Casadesus, Patricia Petibon (2015–2018) |
| Kanner | Mathilde Lockwood |
|
| |
Den Didier Lockwood, gebuer den 11. Februar 1956 zu Calais, a gestuerwen den 18. Februar 2018 zu Paräis, war e franséischen Jazz-Violonist a Komponist.
De Lockwood huet eng 30 Albume publizéiert a bal 4500 Concerte ginn. Hien huet a Bands wéi Surya a Magma matgespillt, souwéi mat Dosende vun aneren Jazz-Museker a -formatiounen, wéi den Dave Brubeck, de Billy Cobham, de Stéphane Grappelli, de Miles Davis, de Michel Petrucciani, den Herbie Hancock, oder de Mike Stern.
A senge leschte Joren huet hien och als Komponist geschafft: de Concert fir Gei Les Mouettes, eng Jazz-Oper Journal d'un Usager de l'Espace II, e Pianosconcert, nach e Concert fir Gei fir de Maxim Wengerow, an d'Oper Libertad.
