Op den Inhalt sprangen

Die Hard 2

Vu Wikipedia
Die Hard 2
Film
Produktiounsland Vereenegt Staate vun Amerika
Première 4. Juli 1990
Dauer 124 min
Faarf Faarweg
Format 2,35:1
Originalsprooch Englesch
Ekipp
Regie Renny Harlin
Dréibuch Steven E. de Souza
Doug Richardson
Fotografie Oliver Wood
Musek Michael Kamen
Schnëtt John F. Link
Frank J. Urioste
Costumedesign Marilyn Vance
Produzent Charles Gordon
Lawrence Gordon
Joel Silver
Produktiouns-
gesellschaft
20th Century Fox
Schauspiller
Bruce Willis als John McClane
William Sadler als Colonel Stuart
Franco Nero als General Ramon Esperanza
Dennis Franz als Captain Carmine Lorenzo
Bonnie Bedelia als Holly McClane
John Amos als Major Grant
William Atherton als Richard Thornburg
Filmportal - Filmer no Joren - Film no Länner - Film no Genre

Die Hard 2 (och Die Harder oder Die Hard 2: Die Harder) ass en US-amerikaneschen Action-Film vum Renny Harlin aus dem Joer 1990 mam Bruce Willis an der Haaptroll.

Ëm wat geet et am Film?

[änneren | Quelltext änneren]

An engem Schnéistuerm wëll den John McClane seng Fra Holly op de Fluchhafe vu Washington siche fueren, fir mat hir de Chrëschtowend ze verbréngen. Wärenddeems kënnt de korrupten an ofgesate Colonel Stuart mat senger Sëldnertrupp op de Fluchhafen a besetzt eng al Kierch als Kommandozentral. Hien zaapt d'Energie- an d'Kommunikatiounsleitungen un, an iwwerhëlt vun der Kierch aus d'Kontroll iwwer de Fluchhafen...