Op den Inhalt sprangen

Die Hard with a Vengeance

Vu Wikipedia
Die Hard with a Vengeance
Film
Produktiounsland Vereenegt Staate vun Amerika
Première 19. Mee 1995
Dauer 131 min
Faarf Faarweg
Format 2,35:1
Originalsprooch Englesch
Ekipp
Regie John McTiernan
Dréibuch Jonathan Hensleigh
Fotografie Peter Menzies Jr.
Musek Michael Kamen
Schnëtt John Wright
Costumedesign Joseph G. Aulisi
Produzent John McTiernan
Michael Tadross
Produktiouns-
gesellschaft
20th Century Fox
Schauspiller
Bruce Willis als John McClane
Samuel L. Jackson als Zeus Carver
Jeremy Irons als Simon Peter Gruber / „Peter War“
Graham Greene als Joe Lambert
Larry Bryggman als Walter Cobb
Colleen Camp als Connie Kowalski
Anthony Peck als Ricky Walsh
Kevin Chamberlin als Charles „Charlie“ White
Filmportal - Filmer no Joren - Film no Länner - Film no Genre

Die Hard with a Vengeance ass en US-amerikaneschen Action-Film vum John McTiernan aus dem Joer 1995 mam Bruce Willis an der Haaptroll.

Ëm wat geet et am Film?

[änneren | Quelltext änneren]

Den Terrorist Simon huet zu New York Bomme verstoppt. Bei de Verhandlunge mat der Police verlaangt hien den John McClane, deen eigentlech vum Déngscht suspendéiert ass. De Simon wëll sech um John McClane rächen, a schéckt hien op eng Zort Pistespill duerch d'hallef Stad, woubäi, wann en net déi richteg Äntwert gëtt oder net dat mécht wat de Simon verlaangt, eng weider Explosioun geschitt. De McClane kritt bei senger Juegd, vum Elektriker an Antiquaire Zeus Carver, onerwaart Hëllef. Zesumme komme se drop datt dem Simon säin eigentleche Plang ass, fir mat deem Spill d'Police ze beschäftegen, fir datt hie sech mat Gold, dat hie mat senge Komplizen an der Federal-Bank vun New York geklaut huet, ouni Problem aus dem Stëbs maache kann …