Diego Velázquez

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Diego Velazquez)
Diego Velázquez
Gebuertsnumm Diego Rodríguez de Silva y Velázquez
Gebuer 6. Juni 1599
Sevilla
Gestuerwen 6. August 1660
Madrid
Nationalitéit Spuenien
Aktivitéit Moler, Kënschtler
Famill
Bestuet mat Juana Pacheco
Papp João Rodrigues da Silva
Mamm Jerónima Velázquez

Den Diego Rodríguez De Silva Velázquez, gebuer de 6. Juni 1599 zu Sevilla, a gestuerwen de 6. August 1660 zu Madrid, war e grousse spuenesche Moler. Hien ass vu sevillianescher a portugisescher Ofstamung.

Säin individuelle Molstil huet vill Kënschtler beaflosst, wéi zum Beispill de Francisco Goya an den Edouard Manet.

Mat 11 Joer huet hie seng Léierzäit am Atelier beim Francisco Pacheco ugefaangen. Mat 18 Joer huet hie sech selbstänneg gemaach a 1618 huet hien dem Pacheco seng Duechter, d'Juana de Pacheco, bestuet. Si kruten zwee Meedercher.

1623 ass hien op Madrid gaangen. Do huet hien den Titel Pintor del Rey Felipe IV kritt. Um spuenesche Kinnekshaff hat hie grousse Succès, zumools well de Felipe IV. e grousse Konschtfrënd war.

Säi bekanntst Wierk ass e Selbstportrait vu sech a vum Kinnek senger Famill: Las Meninas.

Den Diego Velázquez ass de 6. August 1660 am Alter vun 61 Joer gestuerwen.

Wierker[änneren | Quelltext änneren]

00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.
  • 1619: La comida
  • 1620: El aguador de Sevilla
  • 1630: La fragua de Vulcano
  • 1630: María de Austria
  • 1632: Cristo crucificado
  • 1635: Las Lanzas oder La rendición de Breda
  • 1635: El Príncipe Baltasar Carlos a caballo
  • 1636: Felipe IV a caballo
  • 1656: Las Meninas
  • 1660: La infanta doña Margarita de Austria
  • Las Hilanderas

Galerie[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Bottineau, Yves: Vélasquez, Citadelles & Mazenod, Kollektioun Les Phares, 1998, 345 Säiten, iwwer 300 Illustratiounen.
  • José López-Rey: Velázquez - Catalogue raisonné, Benedikt Taschen Verlag, 2003.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Diego Velázquez – Biller, Videoen oder Audiodateien