Digitalen Héichtemodell

Vu Wikipedia
Dësen Artikel entsprécht net de Wikipediakrittäre fir en enzyklopedeschen Artikel. Dat kann dru leien datt Schreif- oder Tippfeeler dran ze fanne sinn, oder en nach net nom Stil vun engem Wikipediaartikel formatéiert gouf. Et kann och sinn, datt den Inhalt net an eng Enzyklopedie gehéiert, sou wéi en am Moment do steet. Fir ze verhënneren datt dësen Artikel eventuell geläscht gëtt, muss en onbedéngt iwwerschafft ginn.
Representéiert Uewerfläch vun engem DOM (rout) an engem DGM (türkis)

Den digitalen Uewerflächemodell (DOM), englesch: digital surface model) representéiert d'Äerduewerfläch (Grenzschicht Pedospher – Atmosphär) mat allen dorop uwiesenden Objeten (Bebauung, Stroossen, Bewuess, Gewässer a.s.w.). Dogéint representéiert dat digitalt Gelännmodell (DGM, engl. digital terrain model) déi natierlech Äerduewerfläch (vgl. Li u. a. 2005, AdV 2004, kuckt Zeechnung).

D'Definitioune vum Begrëff digitalt Héichtemodell (engl.: digital elevation model) ënnerscheet sech staark geméiss der representéierter Uewerfläch.

Definitiounen[änneren | Quelltext änneren]

Digitalen Terrainsmodell[änneren | Quelltext änneren]

3D-Visualiséierung vun engem digitalen Gelännmodell um Beispill vun enger Aschnëtt um Mars

Datt sech de Begrëff DGM op d'Äerduewerfläch als Referenzuewerfläch bezitt, ass an der Fachliteratur zimmlech eendeiteg. Doriwwer eraus fuerderen eb ettlech Definitiounen zousätzlech zu den Terrainshéichte weider Informatiounen iwwer d'Uewerfläch wéi z. B. Terrainskanten, Sklettlinnen, markant Héichtepunkten oder d'Grondrësselementer mat Grondrëssinformatiounen (vgl. ISO 18709-1, Bill 1999 a Li u. a. 2005).

Allgemenges[änneren | Quelltext änneren]

Deutsches Zentrum für Luft- und Raumfahrt (DLR): Héichtemodell Island no Satellittendaten (2012)[1]

Am Follgende gëtt de Begrëff DHM als Uewerbegrëff fir DGM an DOM benotzt. Digital Héichtemodeller ginn zanter 1980 a ville Beräicher vun de Geowëssenschaften an der Technik gebraucht – ënner anerem an der Geodesie a Photogrammetrie fir d'Terrainfotoe, am Bauwiese bei der Trasséierung vu Verkéierswéeër, bei militäreschen Aufgaben (z. B. Steierung vu Marschfluchkierper laanscht d'Äerduewerfläch) bis hin zu der Planung vun Ofwaasserkanalisatioun. Neierdéngs ginn esouguer Héichtemodeller vun anere Planéite gemaach, wéi et Radarsonden um Mars a Venus erméiglechen.

Dateformater[änneren | Quelltext änneren]

Am Internet sinn Definitiounen ze fannen, no deenen den DHM als Rasterdatebestand definéiert gëtt an den DGM als realen dräidimensionale Modell wéi z. B. en onreegelméissegt Dräiecksnetz.Méi dacks gëtt d'Dateformat awer iwwer d'Begrëffer primären DHM a sekundären DHM definéiert (Toppe 1987). Fir en digitalen Terrainsmodell ze kréien, musse bei Fotomethoden, déi als Plattform Fluchobjeten oder Satellitte benotzen, d'Objete vun der Äerduewerfläch (Haiser, Beem asw.) iwwer komplex Algorithmen erausgefiltert ginn (Li u. a. 2005).

D'Prezisiounen[änneren | Quelltext änneren]

DEM vum Vomper Loch, baséierend op ASTER-Daten
DEM vum Vomper Loch, baséierend op openDEM-Daten

D'Prezisioun vun DHM ass virun allem vun der Fotomethod, der Rasterwäit an der Uewerflächenholpregkeet ofhängeg. D'Prezisioun setzt sech aus engem Lag- an engem Héichteprezisiounsdeel zesummen, woubäi de Lagundeel vun der Uewerflächeschréi (tan α) ofhängeg ass. . Déi mëttlere Feeler variéiert – jee no Gebrauchszweck a Präis vun de Modeller – vun e puer Zentimeter (z. B. fir d'Ermëttlung vun Iwwerflutungsflächen am Kader vun Héichwaasserschutzkonzepter) bis e puer 100 Meter.

Déi béid Grafike vergläichen dat digitalt Terrainmodell vum Vomper Loch an den Alpen. Déi iewescht Grafik baséiert op Date vun ASTER. D'Basis fir dat ënnescht Bild bilden SRTM-Daten, déi an der Beaarbechtungsstuf vun 2.1 fräi virleien an duerch de Projet openDEM weider opbereet goufen. Héichtenartefakte als géi Biergformatiounen trieden am ASTER-Bild däitlech no vir. Se ginn duerch Schiet bei der Terrainsfoto verursaacht. Feelend Héichtewäerter goufe wéinst feelender Plausibilitéitsanalysen duerch heuristesch Fotoe geschat. D'SRTM-Miesswäerter si méi schlecht opgeléist wéi déi vun ASTER. Well si nodréiglech mat aneren Informatiounen, beispillsweis mat Date vun Openstreetmap, ofgeglach goufen, ass den Héichteprofil konsistent. Waasseruewerfläche vu Séie sollte flaach sinn. Ofwäichunge spigelen direkt d'Streeung vun de Moosswäerter zeréck.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Datesätz[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Quellen[änneren | Quelltext änneren]

  • Arbeitsgemeinschaft der Vermessungsverwaltungen der Länder der Bundesrepublik Deutschland (AdV) (2005). Glossar zur Festaltung der GeoInfoDok – Teilbereich DGM. LINK.
  • R. Bill: Grundlagen der Geo-Informationssysteme. Band 2: Analysen, Anwendungen und neue Entwicklungen. Herbert Wichmann Verlag, Heidelberg 1999, ISBN 3-87907-326-0.
  • A. W. Graham, N. C. Kirkman, P. M. Paul: Mobile radio network design in the VHF and UHF bands: a practical approach. West Sussex 2007, ISBN 978-0-470-02980-0.
  • W. Hofmann: Wieder einmal: Das Digitale Gelände-/Höhenmodell. In: Bildmessung u. Luftbildwesen, 54 (1986), H. 1, S. 31–31; Karlsruhe.
  • Z. Li, Q. Zhu, C. Gold: Digital Terrain Modeling: principles and methodology. CRC Press, Boca Raton 2005, ISBN 0-415-32462-9, S. 7–9.
  • Robert Joseph Peckham, Gyozo Jordan (Hrsg.): Development and Applications in a Policy Support Environment. (Lecture Notes in Geoinformation and Cartography). Springer, Heidelberg 2007, ISBN 978-3-540-36730-7.
  • Tomaz Podobnikar: Methods for visual quality assessment of a digital terrain model. In: S.a.p.i.en.s. 1 (2008), H. 2. (online)
  • R. Toppe: Terrain models — a tool for natural hazard mapping. In: Bruno Salm (Hrsg.): Avalanche Formation, Movement and Effects. (Proceedings of the Davos Symposium, September 1986). Internat. Assoc. of Hydrol. Sciences, Wallingford 1987, ISBN 0-947571-96-5. (IAHS Publ. no. 162)

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. dlr.de, 3. Januar 2012: Der Erde in 3D ein großes Stück näher (23. Dezember 2016)