Dione (Mound)

Vu Wikipedia
IV Dione
Dione, Mosaikbild vun der Raumsond Cassini,
opgeholl den 11. Oktober 2005 beim Laanschtfluch vun der Sond;
Distanz am Beräich vun 27.180 bis 55.280 km
.
Zentralkierper Saturn
Eegenschafte vum Orbit
Grouss Hallefachs 377.420 km
Periapsis 376.580 km
Apoapsis 378.260 km
Exzentrizitéit 0,00223
Ëmlafzäit 2,737 Deeg
Ëmlafvitess 10,03 km/s
Inklinatioun 0,02°
Physikalesch Donnéeën
Mëttleren Duerchmiesser (1123,4 ± 0.9)
1127,6 × 1122 × 1120,6 km
Dicht (1,476 ± 0,004) g/cm3
Gravitatioun
op der Uewerfläch
? m/s2
Albedo 0,55
Visuell Magnitude (mag) 10,4
Entdeckung
Entdecker Giovanni Domenico Cassini
Entdeckungsdatum 21. Mäerz 1684


Den Dione (oder Saturn IV) ass ee vun de grousse Mounde vum Planéit Saturn. Et ass en Äismound mat engem mëttleren Duerchmiesser vun 1.118 km.

Entdeckung[änneren | Quelltext änneren]

Den Dione gouf den 21. Mäerz 1684 vum Giovanni Domenico Cassini entdeckt.

De Mound no der Titanin Dione, der Mamm vun der Aphrodite, aus der griichescher Mythologie genannt. Den Numm Dione souwéi dee vu weider siwe Saturnmounde gouf vum Wilhelm Herschel, dem Jong vum Astronom John Herschel, an enger 1847 Publikatioun „Results of Astronomical Observations made at the Cape of Good Hope“ virgeschloen.

Bunneegenschaften[änneren | Quelltext änneren]

Den Dione kreest an 2,737 Deeg op enger mëttlerer Distanz vun 377.420 km ëm de Saturn. D'Bunn huet eng Exzentrizitéit vun 0,0022 a steet 0,02° schréi zum Equatorplang vum Saturn.

De Mound Helene kreest op der selwechter Distanz ëm de Saturn a leeft dem Mound Dione op engem Wénkelofstand vu 60° am féierenden Lagrangepunkt, L4 viraus. Am follgende Lagrangepunkt L5 leeft de Mound Polydeuces dem Dione am Wénkelofstand vu 60° hannendrun. Den Dione ass an enger 2:1-Bunnresonanz mam Saturnmound Enceladus.

Den Dione rotéiert a 65 Stonnen an 41 Minutten ëm seng eegen Achs an huet domat, wéi eisen Äerdmound, eng gebonne Rotatioun. D'Rotatiounsachs steet 0,006° schréi zu der Ekliptik.

Opbau a physikalesch Eegenschaften[änneren | Quelltext änneren]

De Saturnmound Dione, opgeholl vun der Raumsond Cassini aus 39.000 km Héicht (11. Oktober 2005)

De Mound ass haaptsächlech aus Waasseräis zesummegesat. Mat 1,47 g/cm3 huet hien déi véiertgréisst Dicht vun alle Saturnmounden (iwwertraff nëmme vum Mound Enceladus, Phoebe an Titan, deem seng Dicht duerch gravitativ Kompressioun erhéicht gëtt). An hirem Kär mussen dofir méi grouss Deeler un dichterem Material sinn, z. B. Silikatgestengs. D'Albedo ass 0,55, dat heescht 55 % vum afalende Sonneliicht ginn reflektéiert. Am Verglach zu de Mounden Tethys an Enceladus ass hir Uewerfläch relativ däischter. D'Uewerflächentemperatur ass −187 °C.

Ënnersich duerch d'Raumsond Cassini deiten drop hin, datt den Dione änlech wéi den Enceladus eng Schicht aus flëssegem Material ënnert der Uewerfläch kéint hunn. Verzerrunge vun der Kutscht ënner der Gebiergsketten Janiculum Dorsa weisen op eng bannenzeg Erwiermung a jéngster Zäit.[1]

Uewerfläch[änneren | Quelltext änneren]

Den Dione huet eng Uewerfläch vun 3,93 Mio. km², wat ongeféirr der duebelter Gréisst vu Mexiko oder der eeleffacher Gréisst vun Däitschland entsprécht. Den Dione gläicht a senger Zesummesetzung, Albedo an de Strukturen op hirer Uewerfläch dem Saturnmound Rhea. Béid Mounden hunn ënnerschiddlech Hemisphären. Op der follgender Hemisphär vun Dione sinn e Netzwierk vun helle Sträifen op enger donklen Uewerfläch an Impaktkrater ze gesinn. D'Sträifen iwwerdecken d'Krater, wat dorop hiweist, datt si méi jonk sinn. Déi féierend Hemisphär ass staark verkratert an huet heng gréisser Hellegkeetsënnerscheeder. Wouhir déi hell Sträifen kommen, ass net ganz gekläert. Si kéinte vun Eruptioune laanscht d'Rësser staamen a sech als dënn Oflagerung aus Äis oder Stëbs ofgesat hunn.

Krater a Bierger[änneren | Quelltext änneren]

Uewerfläch vum Mound Dione

Verschidden Impaktkrateren hunn Zentralbierger, sou wéi se fir den Äerdmound oder de Planéit Merkur typesch sinn. Siichtlech huet déi dënn Äiskuuscht vum Mound Dione iwwer geologesch Zäitraim ewech net an dem Moossstaf noginn wéi um Jupitermound Kallisto, wou sou Strukture bal ganz platt sinn.

Et gëtt ugeholl, datt den Dione an der Fréizäit vu senger Entwécklung geologesch aktiv war. Duerch Prozesser wéi de Kryovulkanismus (Kale Vulkanismus) gouf en Deel vu senger Uewerfläch erneiert, woubäi déi observéiert Sträifemusteren zeréckbliwwe sinn. Nom Réckgank vun der Aktivitéit gouf déi féierend Hemisphär duerch Aschléi vun Asteroide verännert, deenen hir Krateren d'Sträifemuster bal ganz ausgeläscht hunn.

Op der Uewerfläch vum Dione sinn staark verkratert Regiounen a Plateaue mat nëmme wéinege Krateren ze gesinn. Déi éischtgenannte Regioune hu vill Kratere mat Duerchmiessern vu méi wéi 100 km, d'Plateaue si mat Krateren vu manner wéi 30 km Duerchmiesser iwwerzunn. En ettlech Fläche si ganz staark verkratert, aner nees bal guer net. Dobäi si staark verkratert Regiounen op dem follgenden, schwaach verkraterte Plang op der féierenden Hemisphär ze gesinn. Dat ass eigentlech genee de Géigendeel vun deem, wat d'Wëssenschaftler erwaart haten. Den Astronom a Planéitegeologe Shoemaker hat e Modell entwéckelt, dat d'Verkraterung vu Mounde mat gebonnener Rotatioun beschreift.[2] Deemno sinn déi meescht Krateren op de féirenden, déi mannste Krater op der follgender Hemisphär vun engem Mound ze fannen. Am Fall vum Dione schéngt de Mound wärend der Phas vum groussen Asteroidenbombardement genee entgéintgesat orientéiert gewiescht ze sinn. Well den Dione relativ kleng ass, ka schonn een Impaktevenement, deen e 35 km grousse Krater hannerléisst, d'Rotatioun vum Mound stéieren. Well den Dione vill esou grouss Krateren huet, kënnt d'Rotatioun wärend der Phas vum intensive Bombardement méi dacks gestéiert gi sinn. D'Verdeelung vun de Krater an déi héich Albedo op der féierender Hemisphär weisen drop hin, datt de Mound zanter ettleche Milliarde Joer déi haiteg Orientéierung bäibehalen huet.

Dee mat Ofstand gréisste Krater mam Numm "Evander" huet en Duerchmiesser vun 350 km a läit am Süde vum ofgedréiten Deel vun der féierenden Saturnhemisphär.[3]

Atmosphär[änneren | Quelltext änneren]

Den Dione huet eng Atmosphär aus ioniséierten Sauerstoffatomen, déi mat 90.000 Ionen pro Kubikmeter sou dënn ass wéi d'Äerdatmosphär an enger Héicht vu 480 km[4],[5].

Ozean[änneren | Quelltext änneren]

Den Dione kéint, änlech wéi den Enceladus, ënner hirer décker Äisschicht e flëssegen Ozean hunn, wourop magnéitesch Miessunge vun der Raumsond Cassini hindeiten. E weidert Indiz fir flëssegt Waasser ass déi equatorial Biergketten Janiculum Dorsa, där hiert Gewiicht d'Kuuscht vum Mound ëm bis zu 500 Meter erofdréckt. D'Äiskuuscht muss dofir fréier méi waarm gewiescht sinn, wat sech am beschte mat der Hypothees vun engem subglazialen Ozean (zum Zäitpunkt vun der Biergkettegenesis) erkläre léisst.[1]

Observatioun[änneren | Quelltext änneren]

Den Dione huet eng visuell Magnitude vun 10,4m an ass domat, vun der Äerd aus gesinn, ee vun den hellste Saturnmounden. Fir hien z'observéiere brauch een allerdéngs en Teleskop mat enger Objektivëffnung vun op d'mannst 10 cm.

De 14. Dezember 2004 hat d'Raumsond Cassini-Huygens den Dione fir d'éischt op enger Distanz vun 83.000 km passéiert. Den 11. Oktober 2005 koum d'Sond bis op 500 Kilometer erun.

Den 12. Dezember 2011 ass de Cassini op enger Distanz vun 99 km beim Mound Dione laanscht geflunn. Den nächste Rendez-vous war den 28. Mäerz 2012 op enger Distanz vun zirka 44.000 km.[6].

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Dione (Mond) – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 Verbuergenen Ozean och op Saturnmound Dione? op astronews.com
  2. Shoemaker, E. M.; and Wolfe, R. F.; Cratering time scales for the Galilean satellites, in Morrison, D., editor; Satellites of Jupiter, University of Arizona Press, Tucson (AZ) (1982), pp. 277-339
  3. Dione im Gazetteer of Planetary Nomenclature der IAU (WGPSN)/USGS; gekuckt de 25. September 2016.
  4. Jia-Rui C. Cook: Cassini Detects Hint of Fresh Air at Dione, Jet Propulsion Laboratory, Datum: 2. März 2012, gekuckt de: 4. Mäerz 2012 Gearchiveerd op 2021-02-19. Gekuckt de(n) 2016-12-24.
  5. R. L. Tokar, R. E. Johnson, M. F. Thomsen, et alt.: Detection of exospheric O2+ at Saturn's moon Dione. In: Geophysical Research Lettwers. (Geophys. Res. Lett.) Vol. 39, 2012, L03105, S. 7, Volltext online
  6. Ralph-Mirko Richter: Cassini entdeckt dënn Atmosphär ëm de Mound Dione. In: Raumfahrer.net, 4. Mäerz 2012, gekuckt de 7. Mäerz 2012

[1]

  1. Cassini: An Extract of the Journal Des Scavans. of April 22 st. N. 1686. Giving an Account of Two New Satellites of Saturn, Discovered Lately by Mr. Cassini at the Royal Observatory at Paris. Phil. Trans. 1686 16:79–85; (Volltext)