Diskussioun:Äiskeller vu Saint-Gilles

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

zur Informatioun[Quelltext änneren]

Zu Käerjéng an der Brauerei gouf et och esou en Äiskeller, natierlech vill méi kleng. D'Äis gouf am Wanter aus engem zougefruerene Weier op der "Héierchen" erausgeschnidden an an de Keller transportéiert ,deen dann hermetesch zogemauert gouf. Am Summer, wann d'Äis gebraucht gouf, gouf d'Lach erëm opgerappt. Dat krut ech viru laange Joren eng Kéier bei enger Brauereisvisite erzielt. -- Pecalux 14:55, 12. Mäe. 2010 (UTC)[äntweren]

Salut,

Dat stëmmt, vill Brauereien haten hir eege Kelleren. Déi Diddelenger hat hiren Um Däich, d'Paart dervunner ass haut nach am Perron do ze gesinn, a fir d'Stross déi driwwer féiert, gëtt haut nach Um Äiskeller gesot.

P.S. Zu Etterbeek gëtt et och nach e groussen, ech hunn awer nach net erausfonnt wou dee genee ass.

Les Meloures 15:02, 12. Mäe. 2010 (UTC)[äntweren]