Diskussioun:14. Juli

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

"1946: De Winston Churchill kënnt op Staatsbeuch op Lëtzebuerg": Do schéngt mer duebel eppes queesch ze leien: De Link op Staatsbesuch gëtt als Definitioun, datt " E Staatsbesuch (...) den Openthalt vun engem Staatschef an engem anere Land a senger Roll als Staatschef" ass.

Nu war 1. den Churchill kee Staatschef - dat war de Kinnek -, héchstens Premierminster, an 2. war en zënter dem Summer 1945 kee Premierminister méi, well d'Labour d'Parlamentswal gewonnen hat. --Zinneke 12:07, 30. Dez. 2010 (UTC)[äntweren]

Moien,
Et ass och net sécher op en de 14. zu Lëtzebuerg war. E war de 14. an de 15. zu Metz an zu Lëtzebuerg. Et ass deemno unzehuelen datt en de Quatorze Juillet bei de Fransouse war an de 15 eréischt op Lëtzebuerg koum. Et misst een dem Schneider säi Film dozou gesinn. Les Meloures 15:12, 30. Dez. 2010 (UTC)[äntweren]

Mengen Informatiounen (Escher Tageblatt a Lëtzebuerger Wort vum 16 Juli 1946) no koum hien de 14.Juli owens um 8 Auer zesumme mat senger Duechter Mary a sengem Jong Randolpha a suivéiert vum Robert Schumann iwwert d'Grenz. Empfank gouf hie vum Ausseminister Bech, vum Staatsminister Dupong, dem Auguste Collart an dem Burgermeeschter Wirtgen vu Fréiseng. Pepe 17:12, 30. Dez. 2010 (UTC)[äntweren]

Re-Moien, ech gleewe gär, dass de Mann zu Lëtzebuerg war, et ass de Begrëff "Staatsvivsite", deen ech net passend fannen, well dat keng ka sinn. Ech schloe fir, einfach eng "offiziell Visite" draus ze maachen, dann ass de Problem geléist.--Zinneke 16:48, 30. Dez. 2010 (UTC)[äntweren]