Diskussioun:24. Februar

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Wéini e Gesetz e Gesetz ass[Quelltext änneren]

1984: Gesetz iwwert de Sproochegebrauch zu Lëtzebuerg: Lëtzebuergesch gëtt als "Nationalsprooch" definéiert a kritt de Status vun enger administrativer Sprooch (nieft Däitsch a Franséisch). Ass dat Gesetz do gestëmmt ginn oder ass et dunn a Kraft getratt ? Dat ass hei an hei och net genau gesot. Merci ...--Karlthegreat Diskussioun 00:29, 23 Feb 2005 (UTC)

D'Gesetz heescht "loi du 24 février 1984 sur le régime des langues". Dat ass deen Dag, wou et vum Groussherzog ënnerschriwwe gouf. Rechtskräfteg gouf deen Dag, wou et am Mémorial publizéiert gouf.

Um Regierungssite (gouvernement.lu) steet dat hei: "Après le vote du Parlement, la loi est sanctionnée et promulguée par le Grand-Duc. Elle est finalement publiée dans le recueil de législation appelé "Mémorial", acte par lequel le texte acquiert force obligatoire."

Zinneke 09:10, 23 Feb 2005 (UTC)

Schéin da misste mer lo just nach soen am Artikel datt et de 24. deen Dag war wou de Grossherzog et ënnerschriwwen huet. Well de 27. Februar wann ech mech net verkuckt hu war jo d'Publikatioun am Memorial (Huet de Cornischong mengen ech lo an deem aneren Artikel geschriwwen). An dann awer lo eng Fro zu dengem Zitat : Kann dat sinn datt sech do beim Memorial Saache geännert hunn an de läschte Joeren ? Well ech hunn alt gemengt ze wëssen datt e Gesetz réischt 3 Deeg no senger Publikatioun am Memorial kann applizéiert ginn (le citoyen est blabla ...) ? (sinn sou vague Ërennerungen aus dem civiquescours vun 2e dowéinster kann ech mech do och lo falsch erënnert hunn).--Karlthegreat Diskussioun 15:06, 23 Feb 2005 (UTC)

"La loi devient obligatoire trois jours après sa publication au Mémorial. Force exécutoire lui est cependant acquise dès qu’elle est approuvée par le Souverain et promulguée." (Cour 20 avril 1912, Pas. 8, p. 478) (Trib. Lux. 21 novembre 1962, Pas. 19, p. 41)

Mee ass et fir eise Wiki-Artikel dann net egal wéini d'Gesetz gestëmmt, ënnerschriwen, exécutoire an obligatoire gouf? Dat heiten ass jo kee Juristenhandbuch, wou op den Dag genau ukënnt. Den Numm vum Gesetz ("loi du 24 février 1984...") seet schon genuch. De Rescht ass imho e bësse laanscht d'Thema, et geet hei jo net ëm d'Gesetz selwer, mee ëm d'Sprooch. A ween onbeding wëllt, kann e Link op "Gesetz" setzen an do genee erklären, vu wéini un e Gesetz en vigueur, an dann nach e Link op de Gesetzestext op Legilux a voilà. Méi Präzisioun brauch et do dach net, oder?

Also fir et kuerz ze maachen, an och ouni lo däi Link gekuckt ze hunn : a mengen An besteet tëschent follgende Saachen en Ënnerscheed :

  • Éischte Vote vun engem Gesetz an der Chamber
  • Amendementer vum Staatsrot
  • Zweete Vote an der Chamber
  • Ënnerschreft vum Chef
  • Publikatioun am Memorial
  • D'Akraafttrieden 3 Deeg no der Publikatioun.

Dat implizéiert fir mech dat et wichteg ass ze schreiwe wat genau wou passéiert ass. An nach méi wichteg ass dat an der Chrono !!! Op d'Alliéiert de 6. Juni 1944 muerges um 6 um 7 oder um 8 an der Normandie geland sinn ass mer "egal". Mee zumindest op den Dag genau sollt et dann awer do stoen.

Wat in der Tat keng schlecht Idee wier ass en Artikel Gesetz wou mer alles erkläere wat de Werdegang vun engem Gesetz betrëfft. Huelen e Freide wann ech rem zu Lëtzebuerg sinn d'Civiquesbuch eraus do waren sou schéi Grafiken dranner. :)))) (Hoffe just ech vergiessen dat lo net)--Karlthegreat Diskussioun 19:07, 23 Feb 2005 (UTC) P.S. Wëssenschaft heescht Präzisioun ;)

Ech soe just eppes eenzeges heizou: Ierbsenzielerei. --Briséis 21:22, 23 Feb 2005 (UTC)

Also dozou fällt mer lo nëmmen nach dat doten an : Wann souvill Präzisioun net erwënscht ass, kënne mer d'Wikipedia och gläich zoumaachen. --Karlthegreat Diskussioun 21:36, 23 Feb 2005 (UTC)

Wëssenschaft heescht Präzisioun[Quelltext änneren]

Et bleift nach nozedroen, dass de Goussherzog dat Gesetz ënnerschriwwen huet mat enger Montegrappa Dragon- Füllfieder (aus Celluloid!!) mat enger 19 Karat-Gold-Spëtz (Schreifbreed: Medium). Eenzelheeten hei:( http://www.airlineintl.com/montegrappa/montegrappa_dragongold.htm ). Iwwer d'Läschwo ginn et widerspréchlech Aussoen (Fir gewéinlech gutt ënneriichte Quelle schwetze vun Tempo dräilageg mat Chlorophyll).
Huet soss nach Ee Froen zum Thema? --Cornischong 01:18, 24 Feb 2005 (UTC)

Gutt ausgeschlof?[Quelltext änneren]

Gudde Moien alleguer,
si mer gutt ausgeschlof? Dat soll géint Granz a Stëppel-Laun heiansdo Wonner wierken ;-).
Ech ka mech nëmme wonneren, wat hei Saache geschéien, wann ech d'Luut ausgemaach hunn.
Et sollt dach méiglech sinn, e Konsens (wann iwwerhaapt je en Dissens woar) ze fannen doriwwer, dass, wa mer an der Chronologie wichteg Gesetzer ernimmen (wéi dat uechtert d'Joer de Fall ass), gemenkerhand deen Datum huelen, deen am Numm vum Gesetz steet, ouni dass do gläich matt Geméisbéchsen oder Füllfiedere 'geschoss' gëtt (dofir ass déi mam Draach nu wierklech ze schued ;-).
Dem Karlthegreat séng Propose, en Artikel iwwer "Gesetz" (besser vläit: "Gesetzgebung", och wann dat dem Lex Roth net gefale giff) ze schreiwen, deen explizéiert, wéi allgemeng de Werdegang vun esou engem Akt ass (an op deen no häerzesloscht gelinkt ka ginn), kann ech nëmme begréissen. Am Fong misst deen idealerweis just den Ufank sinn vun enger ganzer Rëtsch vun Artikelen iwwer esou elementär Saachen wéi zB d'Functionnéiere vun eisem Staat (Verfaassungsorganer -Chamber, Staatsrot, Regierung, Grand-Duc, Justiz-, Parteien, etc.), wou sou zimmlech alles brooch läit bis ewell.
Sollte mer dofir déi zueleméisseg noutgedronge wéineg Energie, déi mer hunn, nët besser an Artikelen doriwwer (oder wat och ëmmer fir aner Sujetën) investéieren , ewéi a Schékegeméis, 'Articles de bureau' oder Toxereien? ;-).

freet virsichteg emol de Zinneke 10:05, 24 Feb 2005 (UTC)

Virsichteg äntweren ech dann emol datt meng Ierbessen net op de Fait datt mer eng ganz Partie vun Artikelen zur Legislatioun am Allgemengen maache sollen bezu war, mee op de Fait datt hei diskutéiert ginn ass, op een dann elo am Artikel "loi du 24 février" schreiwe kann oder net. Daat fannen ech nämlech am Sënn vun der Chrono tatsächlech Ierbsenzielerei well eng Chrono ass ëmmer nëmmen e Résumé vun Evenementer, déi een an de respektiven Artikelen (zb dann och een iwwert d'Legislatioun) kucke kann. An jo, ech si gudd ausgeschlof, merci der Nofro =) --Briséisβρισεισ 11:38, 24 Feb 2005 (UTC)

Wann et esou wäit kënnt, dass een (an dat war ech) et fir néideg fënnt en Text anzesetzen iwwer den Ëmgangstounfall, an als eenzeg Reaktioun kënnt e "béist" Ronderëmschloen ouni iwwerhaapt eng Äntwert ze wëllen, da kéint een dovunner ausgoen, dass e Problem do ass. Leider ass keen dorop agaang, a wat "verdrängte" Saache mat sech bréngen, dierft zënter dem Freud bekannt sinn. Dës Säit ass iwwregens e gutt Beispill iwwer d'Uschwëlle vun de Nerven. Spéitstens nodeems den Otets (vëlleg zu Recht) op d'Brems getrëppelt ass, war ze gesinn op wat et erausleeft. Ech hu mech net getraut, eppes ze soen, well ech hat, wéi et iwwer den Artikel vun der Woch gaangen ass, genuch Erfahrunge gesammelt. Zu mengem ironeschen "Füllfieder"-Kommentar: Dat war eng subliméiert (!!) Form vu menger Roserei iwwer déi Stëppelerei an de leschten Deeg. Et ass villzevill ënner den Teppech gekiert ginn. --Cornischong 12:18, 24 Feb 2005 (UTC)