Diskussioun:28. Mäerz

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

"och mat Tëppelcher ass benennen net méi richteg ginn": Wat si mer awer houfreg, datt d'Verbesserwësserei hei net verluer gaangen ass. De Luxogramm nennt dat "ëmbenannt", an dofir kéint et sinn, datt esou iwwerflëssegt Gebills, deene Leschten de Wand aus de Seegelen hëlt. Den LOD féiert natierlech och d'Verb "ëmbenennen". Mee wie léisst sech net gär hei eng Geleeënheet laanscht d'Nues goen, anerer fir domm ze halen? Natierlech nëmmen déi, déi sech dat Genärrs nach wëlle bidde loossen. --Cornischong 10:43, 28. Mäe. 2009 (UTC)[äntweren]

Salut,

Du hues natierlech Recht mam ëmbenennen wann dat esou an den Dictionären ze fannen ass.

Ech hat mech do mam benennen vehaspelt, dat et jo anscheinend net gëtt, cf. Wikipedia:Eis Schreifweis. Fir mech war et deemno kloer datt wann et d'Grondform vum Verb net gëtt, géif och keng Varianten dozou wéi z.b. ëmbenennen.

Deem ass awer dann net esou.

Ech entschëllege mech fir meng schlecht Logik.

Les Meloures 11:26, 28. Mäe. 2009 (UTC)[äntweren]


Ps
Nodeems ech dann elo och am Luxogramm d'Verb benennen fonnt hunn, stellen ech natierlech den heite Saz a Fro, bei Wikipedia:Eis Schreifweis: Mer nennen a mer vernennen, awer mer benennen näischt. Dat Verb hu mer net. Menger Meenung no stëmmt déi Behaaptung dann och alt net sou richteg.
Déi gouf awer den 18. Januar 2007 dra gesat vun engem deen net wëll fir domm gehale ginn.

Les Meloures 12:28, 28. Mäe. 2009 (UTC)[äntweren]

Léif Kollegen,

Ass dëss Diskussioun net éischter eppes fir an de Stamminet? Mam 28. Mäerz huet dat jo wuel näischt ze dinn, oder? léif Gréiss vum --Sultan Edijingo 12:38, 28. Mäe. 2009 (UTC)[äntweren]