Diskussioun:Abrëllsblumm

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Moien,

Hat d'Definitioun vum Standuert net gefall? Oder ass et en Afspäicherfeeler? Les Meloures 16:15, 30. Abr 2008 (UTC)

Wëssenschaftlech Nimm[Quelltext änneren]

Opgepasst op d'Italiquen... do gëtt et Reegelen. De Play Misty hat et richteg gemaach. --Cayambe 16:18, 30. Abr 2008 (UTC)

Moien, kinns de déi wichtegst Reegele kuerz erklären (oder evtl verweisen, wou dat steet)? Merci am viraus! --Zinneke 16:24, 30. Abr 2008 (UTC)


Salut
Ech huelen un datt bei der Schiifschrëft de System beim Afspäicheren eng schlecht Roll gespillt huet. D'Standuertsbeschreiwung ass menger Meenung no och beim Afspäichere verluer gaangen. Les Meloures 16:27, 30. Abr 2008 (UTC)

Nei Schabloun[Quelltext änneren]

Opgepasst. Denkt weg drunn déi nei Schabloun ze benotzen. Merci --Alexandra 18:24, 30. Abr 2008 (UTC)

Abrëllsblumm


Merci Alexandra fir déi nei Schabloun. Ech hun sie awer haut agesaat, an sie ass nees verschwonnen
cf. versioun: 07:02, 6. Mee 2008 PlayMistyForMe (Diskussioun | Kontributiounen) k (3.066 Bytes) (Nei Schabloun)
--PlayMistyForMe 20:12, 6. Mee 2008 (UTC)[äntweren]

Schiifschrëft[Quelltext änneren]

Reegel fir d'Schiifschrëft bei de wëssenschaftleche Nimm:
schiff geschriwwe ginn ëmmer, AN NËMMEN: d'Gattungsnimm, d'Aartnimm an drënner (= Nimm vu Variétéiten, Cultivaren, Ënneraarten asw).
All aner Nimm, z.B. vun de Familljen, Uerdnungen, asw gi riicht geschriwwen. Also: Homo sapiens, Homo erectus, awer: Famill Hominidae, Anemone nemorosa, Gattung Primula, awer: Famill Ranunculaceae, asw.
Also och: Oenothera spec., Candona candida var. humilis. --Cayambe 18:35, 30. Abr 2008 (UTC)

Merci! --Zinneke 19:00, 30. Abr 2008 (UTC)