Diskussioun:Adam Frans van der Meulen

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Moien, follgend Froe sinn net gekläert:

1. War de van der Meulen selwer zu Lëtzebuerg während der Belagerung vun der Festung Lëtzebuerg? Dass hien d'Belagerung gemoolt huet, seet jo net onbedéngt datt hien hei war (besonnesch well bekannt ass, datt hien eng Rëtsch Assistenten hat).

2. Well de van der Meulen de Louis XIV op all senge Reese soll begleet hunn, war en also och warscheinlech 1687 mam franséische Kinnek zu Lëtzebuerg. Selwer hunn ech duerzou näischt fonnt.
--Cayambe 21:56, 20. Aug. 2011 (UTC)[äntweren]