Diskussioun:Alima
Sujet derbäisetzen(offiziell Schreifweis: alima)
Moien, firwat ass dat déi offiziell Schreifweis? --2A02:A03F:A199:6C00:647E:4A98:9960:F359 20:36, 20. Jan. 2025 (UTC)
Potentiell zousätzlech Quell
[Quelltext änneren]Eventuell ginn et am Buch "Eis fofzeger Joren : eng nei Zäit: Wunnen, Iessen, Moud" nach weider Informatiounen. Der Däitscher Nationalbibliothéik no gëtt et do e Kapitel "Alima zënter 1951 an t geet nach weider" vum Nicolas Hansen op de Säiten 62-63. | Referenz vum Buch
- Gudde Mëtteg,
- Merci fir déi Referenz; ech kucke mer dat emol un… | GilPe (Diskussioun) 15:10, 21. Jan. 2025 (UTC)
De Site industrie.lu weist eng Zeitungsreklamm vum Juni 1950, déi seet:
- Alimentation générale Alima
- propr. J. Lewin-Majerus
- 17, avenue de la Porte-Neuve Luxembourg
Vläicht gouf et scho virun 1951 en Alima vun engem anere Propriétaire? --Bdx (Diskussioun) 20:54, 20. Jan. 2025 (UTC)
Moien, ech mengen et gouf eppes net verstanen.
Firwat ass alima déi offiziell Schreifweis, an net Alima oder ALIMA wéi et an hire Statute steet.
Fir mech si Saachen offiziell wa se an Dokumenter vu Verwaltunge festgehale sinn. --2A02:A03F:A199:6C00:647E:4A98:9960:F359 21:08, 20. Jan. 2025 (UTC)
Aner komesch Saachen
[Quelltext änneren]Bei enger Revisioun vun de Statute steet: Il existe depuis le 20 décembre 1984 une société à responsabilité limitée sous la dénomination de "ALIMA S.àr.l.". Mir ginn allerdéngs de Grënnungsdatum mat 1951 un.
Bei deem Bild vun Industrie.lu steet Proprietaire J. Lewin Majerus. (Dat war dir jo och opgefall). Deen Numm daucht awer néierens an de Statuten op.
Bei der Revisioun gëtt gesot datt déi Statute geännert géifen: suite au décès des partenaires Madame Rosy FONCK et Monsieur Arno KAEMPFF, comme uniques associés.
Leider ass de Memorial vun 1985 net um Netz. Ech froe mol an der Nationalbibliothéik no op déi en do leien hunn.
--2A02:A03F:A199:6C00:647E:4A98:9960:F359 21:48, 20. Jan. 2025 (UTC)
- Gudde Mëtteg,
- De Mémorial C ass zwar net op legilux disponibel, mä kann awer iwwer https://eluxemburgensia.lu/ consultéiert ginn. Hei ass de Link fir op dee mat den Alima Stauten vun 1985: https://persist.lu/ark:70795/vmfqm9f2p7/pages/16/articles/DIVL172