Diskussioun:Aloyse Hentgen

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Huet een dësen Artikel extra op franséisch geschriwwen???? Oder ass dat e "Copy ---> Paste-Fall??? --Cornischong 17:52, 5 Mee 2005 (UTC)

Copy/paste, mee net all Source ass ze ergoogelen. Wann eng sérieux Recherche dahannertstécht, da kéint een déi graff Daten do zu engem Artikel verschaffen, dee soss keng Wiki huet. Mee wéi soll een dat ergrënnen? Besonnesch Suergfalt ass op alle Fall keng ze gesinn: "Jeden Sonntag treffen sich in Esch Studenten zum CSV-Frühschoppen" gehéiert net méi zum Thema an ass einfach mam Rescht matkopéiert ginn. Wéi kann e bis 3. Juli 1951 an der Regierung gewiescht sinn, wann en den 2. Septembre 1950 demissionnéiert huet? Cornischong, wann s du mer soe kéinst, wat vun deer Hällewull Informatioune geséchert erschéngt, da géif ech dat iwwersetzen an déi net beluechte Saachen par Précaution erausgeheien. Ok? --Otets 21:36, 5 Mee 2005 (UTC)

Ech konnt keng Feeler fannen, ausser deene Widersprëch, déi duerch onsuergfältegt copy/paste entstane sinn. Op eege Sourcen a fir de Rescht op Vertraue gestëtzt, hunn ech dat Ganzt emol a Form gesat. Ech hunn awer elo net alles iwwerholl, wat op Franséisch do stong. Wann eisen anonyme Mataarbechter dat mat Quellenangab an op Lëtzebuergesch erëm drasetze wëll, dann ass dat awer kee Problem. --Otets 01:34, 6 Mee 2005 (UTC)


Verwiesselung[Quelltext änneren]

Beim Aloyse Hentgen gët ët wat Scouten ugeet eng Verwiesselung. Dosteet nämlech: Um Häerz lung em och de Scoutissem. Esou war en ë.a. vun 1928 bis 1945 Chef-Scout vun der FNEL (dee Rôle huet dunn um Niveau vum neien Daachverband LBSA den deemolege Prënz Jean iwwerholl).

Tatsächlech war hien net Chef-Scout vun der FENEL, mä vun der (Fédération Nationale des Scouts du Luxembourg - FNSL') also vun de spéidere Lëtzebuerger Guiden a Scouten . Ausserdeem huet de Prënz Jean en deemols nët ofgeléist, wéi nom Krich en Dachverband geschaf gouf. Mä déi zwéi Verbänn, FENEL a FNSL, bloufe bestoen, all Verband mat engem Commissaire général aplaz engem Chef-Scout. Ech iwwerloossen den Auteuren et dat ze verschaffen. --ernmuhl 09:32, 15 Dezember 2006 (UTC)