Op den Inhalt sprangen

Diskussioun:Amicale vum Escher Kolle'sch

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Sujet derbäisetzen
Vu Wikipedia
Leschte Kommentar: viru(n) 15 Joer vum Cayambe

Moien, ech schloe vir, och am lëtzebuergeschen, wéi am franséischen, déi 'richteg' Schreifweis als Lemma ze verwenden, och wann 'si' selwer et anescht schreiwen (wat historesch bedéngt ass). Also hei: Amicale vum Escher Kolléisch.

Vun Amicale vum Escher Kolle'sch geet dann d'Viruleedung op Amicale vum Escher Kolléisch. --Cayambe 10:08, 14. Jun. 2010 (UTC)Äntweren

Moien,
Ech menge mer hunn dee Fall och nach bei aneren Artikelen, hunn awer nach net nogekuckt wéi mer et do gemaach hunn.
Les Meloures 10:14, 14. Jun. 2010 (UTC)Äntweren
Ech menge, et géif eis (an och der Wikipedia) net zoustoen, den offiziellen Numm vun engem Veräin ze verbesseren. De redirect respektéiert dat. An esou soll een et och loossen. Da geet een all Konflikt an Diskussioun aus dem Wee. Dat ass meng Meenung als Wikipedianer a Member vun deem Veräin!
--Jamcelsus 12:20, 14. Jun. 2010 (UTC)Äntweren
Moien och. Sitt mer net béis wann ech an dësser Diskussioun keng Partei ergräifen. Déi eng Versioun ass mer sou léif wéi déi aner. An egal wat derbäi erauskënnt, respektéieren ech dat och. Mä mir sollen eis bewosst sinn datt dann och bei all Lemma, an egal wellecher Sprooch, déi Resolutioun soll respektéiert ginn. -- --Pecalux 12:40, 14. Jun. 2010 (UTC)Äntweren

De Problem huet sech vum selwe geléist. De President vun der Amicale deelt mir mat, datt an den neie Statuten "Amicale vum Escher Kolléisch anciennement Amicale vum Escher Kolle’sch et en toutes lettres Amicale des anciens élèves du Lycée de Garcons d’Esch-sur-Alzette" steet. Wann et esou ass, kënne mer de Lemma "Amicale vum Escher Kolléisch" mat rouegem Gewësse benotzen. --Jamcelsus 17:17, 14. Jun. 2010 (UTC)Äntweren

e Problem deen sech selwer geléist huet :-). Schued datt se bei deeër Geleeënheet net och de franséische Numm vun hirer Schoul 'richteg' geschriwwen hunn :-) --Cayambe 17:27, 14. Jun. 2010 (UTC)Äntweren