Diskussioun:André Mergenthaler

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

"... Member vun : "Brigade d'Intervention Musicale"." : A wat der Teifi ass dat? --Cornischong 11:45, 19 Abrëll 2007 (UTC).

Knaddermuert: Hallöschen: d'"Brigade d'Intervention Musicale" ass e Musiksgrupp, dee vum Luciano Pagliarini geleed get. Si sin zu véier Musiker: Luciano an André: Saxophones. Dann nach Trommel an Akkordeon. Dese Museksgrupp trëtt op kulturelle Veranstaltungen op, an huet d'Funktioun, d'Leit ze empfänken, an se zum Schluss vum Evenement erauszebegleeden; oder och während enger Veranstaltung fir gudd Stëmmung ze suergen. Se droen speziell Kostümer fir hir Missioun, an se spillen ursprünglesch Partisane-Lidder wéi Bella Ciao asw., an eeben och aner Vollekslidder, wéi z.B. Rosamunde, an awer haaptsächlech lëtzebuergesch traditionell Weisen, vun hinnen flott arrangéiert. Op der Foto gesäit een den André Mergenthaler a sengem Kostüm vun der Brigade.

Ech géng proposéieren, dese Grupp bei d'lëtzebuerger Orchestergruppen ze setzen.

Waat heescht daat: "Hien huet och Musek fir eng Parti Filmer geschriwen"?? Souwéit ech weess, huet den A.M. um Cello life den "Nosferatu" an der Cinémathéik performt. Knaddermuert.

Ech géng proposéieren, där Grupp en Artikel z'offeréieren, an net alles op de Braddelsäiten ze verstoppen, géng ech proposéieren. --Cornischong 09:15, 19. Mee 2008 (UTC)[äntweren]

Eng IP schreift, den A. M. hätt d'Originalversioun vum Film "Nosferatu" performt. Dozou 2 Froen:

1. Et goufe bis elo 4 Filmer "Nosferatu" gedréint:
Nosferatu – Eine Symphonie des Grauens vum Friedrich Wilhelm Murnau aus dem Joer 1922,
Nosferatu – Phantom der Nacht vum Werner Herzog aus dem Joer 1979,
Nosferatu in Venedig vum Mario Caiano aus dem Joer 1988,
Nosferatu – Vampirische Leidenschaft vun der Anne Goursaud aus dem Joer 1994.
Watfir ee Film hat den A. M. performt?
2. Gëtt et amplaz vu "performen" keen Ausdrock dee jidderee versteet? --Pecalux 09:40, 19. Mee 2008 (UTC)[äntweren]


2002 huet hie bei der Versioun vun 1922 vum Friedrich Wilhelm Murnau performt Quell: woxx (s. 22) Dat schléisst net aus datt dat och schon 1998 de Fall war, wéi am Wikipedia-Artikel steet.--Fliedermaus 10:06, 19. Mee 2008 (UTC)[äntweren]

Knaddermuert: ºJojo, léiw Cornischong, daat ass eng wonnerbar Iddi, fir deem Grupp eng Säit unzeléeën. Ass eng Saach vun Zäit.

             ºStëmmt, léiw Fliedermäus, am Murnau.
             ºStëmmt, léiwe Pecalux, performt ass hei Quatsch. Besser: musizéiert.

Gëtt et e Grond fir dës Säit nach weider vollzetuten, amplaz den Artikel? --Cornischong 11:40, 19. Mee 2008 (UTC)[äntweren]