Diskussioun:Anglizismus

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

"Bei zesummegesate Verbe geet dat net ëmmer ouni Problmer, wann een hinne wëll déi lëtzebuegesch Morphologie iwwerstrëppen: Wéi ass z.B. de Partizip Perfekt vun downloaden? ech hunn downgeloadt? Oder ech hunn gedownloadt? - - Weder nach: Wouhir kéim den -dt? Bei uneneegsate Verben kënnt de "ge" dertëscht: undoen -> u-ge-doen, zoumaachen -> zou-ge-maach. Wat schwätzt géint down-ge-loat? Oder gesinn ech et zevill einfach? --Cornischong 22:53, 26 Jun 2005 (UTC)

D'Fro ass héchstwaarscheinlech déi, op ee friem Wierder als Ganzt ze gesinn huet oder op ee kucke muss, op dat an deer friemer Sprooch en zesummegesatent Wuert ass oder net. Eng Äntwert op déi Fro hunn ech awer selwer net. --Otets 23:34, 26 Jun 2005 (UTC)

Looss mer lo net erëm Problemer siche goen an se opblosen. Oflauden ass ofgelaut an näischt Anescht. Accordé. --Cornischong 23:39, 26 Jun 2005 (UTC)