Diskussioun:Appelboom

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Moien,

näischt wichteges, mee: wann de Bam net no engem Apel, mee no engem Appel (Opruff) genannt gouf, misst dat dan net "Appèlboom" geschriwwe ginn?--Zinneke (Diskussioun) 11:59, 11. Okt. 2012 (UTC)[äntweren]

Aus waterenger Sprooch kéim dann den Appèl --Les Meloures (Diskussioun) 12:19, 11. Okt. 2012 (UTC)[äntweren]
Ma aus där selwechter wéi de boom - dem Hollänneschen (wou den Accent circonflexe déi ënnerschiddlech Betounung a Bedeitung vum soss homographen appel (der Fruucht) däitlech mécht.--Zinneke (Diskussioun) 22:28, 11. Okt. 2012 (UTC)[äntweren]
Ech hat och geduecht dat wier eventuell esou an hunn dunn an dat klengt Wierderbuch Kramers Woordenbook gekuckt an do stoung et als Appel. Beim Weidersichen hunn ech dunn bei der Nederlandse Taalunie dat heite fonnt De juiste spelling is appel, zonder accent grave, mat dëser Erklärung: Het woord appel (in de betekenis 'beroep') heeft in de Franse brontaal geen accent. We voegen daarom ook geen accent toe in het Nederlands.
Da soen se nach dat hei: In de Woordenlijst van 1954 werd appel zonder accent grave geschreven. In de Woordenlijst van 1995 werd appèl wel met een accent grave gespeld. In de herziene Woordenlijst van 2005 wordt appel weer gespeld zoals voor 1995. Het Witte Boekje (2006) spelt zowel appel als appèl. De schrijfwijze met accent grave is niet officieel.
Et wier zwar vläicht nach intressant erauszefanne wéi et virun 1954 geschriwwe gouf oder an der Zäit wéi de Bam den Numm krut. An deem Fall kéint een aus historesche Grënn déi Schreifweis iwwerhuelen. Ech hu leider bis elo keng Dokumentatioun doriwwer fonnt. --Les Meloures (Diskussioun) 07:55, 12. Okt. 2012 (UTC)[äntweren]
Oh mei, d'Hollänner an d'Flame sinn och net besser wéi 'eis' Dictionnaires-Mécher, wou ee fir ee Wuert alt 3 Variante fënnt. Maach der nëmme kee Kapp, ech hat et iergendwous mat Accent gesinn, an hunn dat och 'logesch' fonnt, well ech d'Lemma beim éischte Liesen als ['ʌpəlbo:m] amplaz [ap'ɛlbo:m] identifizéiert hat, an dat dann e liicht surrealistechen Touch krut wann et weider heescht "... ass eng Wanterlann" (d'Explicatioun kënnt méi wäit ënnen). Wënsche mer dem Bam dat Bescht fir seng nächst 500 Joer a loosse mer e vun elo u mat Rou ;-) --Zinneke (Diskussioun) 08:30, 12. Okt. 2012 (UTC)[äntweren]
Salut, ech huelen un dee wäert nach méi wéi eng Diskussioun iwwerliewen. An deem Eck gëtt et eng Hällewull komesch Wierder déi aus dem Franséischen a Limburgeschen zesummegebastelt goufen. :--)) --Les Meloures (Diskussioun) 09:01, 12. Okt. 2012 (UTC)[äntweren]
Et kann ee jo déi Schreifweis mat Accent a Klameren derbäi setzen.--MMFE (Diskussioun) 12:27, 12. Okt. 2012 (UTC)[äntweren]