Diskussioun:Avenue Émile-Reuter

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Diskussioun:Arsenalstrooss)

Moien,

ech hu grad Redirecte vun "Avenue Emile Reuter" op Arsenalstrooss ugeluecht, mee froe mech, wann "Arsenalstrooss" de fréieren Numm war, et net besser ass, "Avenue Emile Reuter" als Lemma ze huelen an d'Arsenalstrooss als Redirect (an natierlech och am Artikel beschriwwen)? Oder ass Arsenalstrooss bei de Stater Leit nach ëmmer haut dee (méi) geleefegen Numm?


--Zinneke (Diskussioun) 08:35, 4. Mee 2013 (UTC)[äntweren]

Moien, Ech selwer obstinéiere mech Arsenalstrooss ze benotzen. Als fréier Festungsstad keng Arsenalstrooss ze hunn ass schon en Hummer, mä d'Colette Flesch wäerd scho wësse firwat si der Rietspartei d'Referenz wollt erweisen. An deemno wéi d'Diskussioun iwwer d'Verwaltungskommissioun (nom Bommeleeërprozess) weiderleeft, besti jo och Chancen datt se nees ëmgedeeft gëtt. --Jwh (Diskussioun) 12:02, 4. Mee 2013 (UTC)[äntweren]
Moien och. Dës Problematik stellt sech net nëmme bei der Arsenalstroos, mä bei alle Stroossen déi op lb:Wiki lemmatiséiert ginn oder scho sinn. Wat ass besser: Den aktuellen an offizielle Numm oder de fréieren, evt. méi typeschen Numm?
Ech perséinlech géif den aktuellen an ofiziellen Numm als Lemma benotzen, mat, am Artikel, der Opzielung vun alle bekannte fréiere Nimm. Am Fall wou e fréiere Numm haut nach gebraucht gëtt (wéi z.B. "Nei Avenue", kann ee jo mat Redirecte schaffen. --Pecalux (Diskussioun) 16:35, 4. Mee 2013 (UTC)[äntweren]
Well d'Fro watfir een Numm wéi geleefeg ass kaum ze beäntwerten ass (zumindest menger Meenung no net - Et sief mir géifen e Sondage an Optrag ginn ;-)) a fir een objektive Critère ze hu watfir een Numm huelen sinn ech dofir fir deen Offiziellen Numm ze huelen. Dat entsprécht och séicher éischter dem Neutralitéitsprinzip vu Wikipedia. --Robby (Diskussioun) 17:16, 4. Mee 2013 (UTC)[äntweren]
Salut, sinn 100% derfir fir deen haitegen Numm am Lemma ze gebrauchen, also Avenue Émile-Reuter (mat Bindestréch wann ee wëll 'richteg' franséisch schreiwen; cf fr:Avenue Charles-de-Gaulle (Neuilly-sur-Seine). Arsenalstrooss soll am Text stoen, an och als Redirect gebraucht ginn.
Ënneschtgaass asw sinn déi gebräichlech lëtzebuergesch Nimm a solle mMn als sollech am Lemma gebraucht ginn. --Cayambe (Diskussioun) 20:28, 4. Mee 2013 (UTC)[äntweren]
N'owend. Ech ginn zou, datt Arsenalstrooss net méi esou geleefeg gebraucht gëtt an datt een Avenue Émile Reuter am Lemma soll gebrauchen. Mam Bindestréch hunn ech awer meng Problemer, well deen - an den Stroossennimm - guer net am lëtzebuerger Sproochgebrauch ass. A Frankräich sinn se sech och net eens doriwwer... Eise „Registre national des adresses” kennt och nëmmen eng Rue Edmond Reuter oder eng Avenue Emile Reuter asw. ouni Stréch! --GilPe (Diskussioun) 21:26, 4. Mee 2013 (UTC)[äntweren]
Moien, d'Fortsetzung zu der Bindestréch-Diskussioun um Staminee; deemno, an och als Konklusioun vun deem heidriwwer, gëtt d'Avenue Émile-Reuter den Haaptlemma, mat den uewen ernimmte Varainten als Redirect dorp. --Zinneke (Diskussioun) 15:39, 10. Mee 2013 (UTC)[äntweren]