Diskussioun:Arzfeld

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

E Gespenst geet ëm an der Wiki, d'Gespenst vun den auslänneschen Uertschaftsnimm. Mat Tréier hunn ech kee Problem. Béibreg musse vill Leit mol erklärt kréien. Mee Irrsen hei ze begéinen, wonnert mech. Am Luxemburger Wörterbuch fannen ech et net. --Cornischong 13:59, 24 September 2006 (UTC)

Wéi mäi Virriedner scho sot: Wien decidéiert dann eigentlech firwat hei Lascheid net "Laaschent" soll sinn? Firwat a vu wiem kritt "Irrhausen" e lëtzebuergeschen Numm, dien ech net am Dictionnaire an am Google fanne kann. Kann een déi Nimm noweisen? Da soll e soe wou. Esou huet dat e Nogeschmaach. A kee gudden. --VicMol 15:16, 24 September 2006 (UTC)

D'Uertgemenge vun der Verbandsgemeng Arzfeld
Hu se alleguer lëtzebuergesch Nimm oder nëmmen e puer. Les Meloures 15:29, 24 September 2006 (UTC)

Ech hunn déi dragesat, déi ech perséinlech kennen aus dem Sproochgebrauch hei zu Lëtzebuerg an aus der Gemeng Oozfeld (sou heescht Arzfeld nämlech an eisem Platt). Et geet jo, denken ech, bei der Wikipedia drëm, net iergenwellech Dictionnairen ofzeschreiwen, mee e gesammelt Wësse vu ville Leit opzebauen, an dat geet net, wann ee sech ëmmer an ëmmer erëm lénks a riets ofséchert, ob dat sou an där Form well eng Kéier verëffentlecht gouf. Ech sinn der Meenung, wann een Tréier amplaz Trier schreift, a Béibreg (wat ech och nach ni héiren hat) amplaz Bitburg, da solle mer och kee Problem hu mat Uertschaftsnimm, déi net an engem Dictionnaire stinn, well d'Nimm entweder net a Koinè sinn, mee op Platt, oder well di Dierfer villäicht ze kleng sinn, fir de Wee an sou een Dictionnaire ze fannen. Ech sinn och haut nach ëmmer der Meenung, datt Eeschwëller méi richteg ass wéi Eschweiler, och wann nëmmen d'Leit am Éislék sou soen, an dat am Rescht vum Land net sou bekannt ass. Ech hu gesinn, datt et am däitschsproochege Raum Wikie gëtt op Allemannesch oder Plattdüütsch - mir wäerte jo net mussen higoen, an och nach eng op Éislékeresch maachen. Pear 17:53, 27 September 2006 (UTC)

Fir dass deen Duercherneen an eisem klengen Eck nëtt nach ëmmer méi grouss gëtt, kënne mer àis nët do eens sinn dass mer am Allgemengen nëtt all Duerf hei opféieren ënner dem vläicht lëtzebuergesche Numm. Vun de belschen Dierfer am Grenzgebidd gëtt et eng Lëscht wéi déi Dierfer fréier gehescht hun an daat gëtt och an de Schoulen an der Belsch déi lëtzebuergesch Sprooch léieren sou geléiert (Interlingua zu Diddebuerg an soss och nach an aaner Coursen déi am Aterterland ofgehaal ginn). Op se lo gesetzlech verankert sinn weess ech och nëtt.

Wann do sou eng Basis och am Éislek (am belschen an am däitsche Grenzgebidd besteet) ass vir mech déi Saach an der Rei.

Zu Lëtzebuerg ass et jo esou dass bis op e puer Ausnamen déi nach nët erfaast sinn och op all Uertschaftsschëld de lëtzebuergesche Numm drënner steet (waat am Kloërtext heescht de franséische Numm ass deen offiziellen). Daat ass leider nach esou virwaat muus een do aaner Leit froen déi Decisiounen an deem Beräich treffen.

Sou laang wéi d'Regierung zu Lëtzebuerg et nët fäerdeg brengt dass de Lëtzebuergesche Numm soll Virrang hun verstinn ech nët fir waat dass mär puer kleng Männerchen eis hei de Kapp sollen zerbriechen wéi een auslännesche Numm eventuell op lëtzebuergesch soll genannt ginn.

An aaner Sproochen ass davun scho laang Afstang geholl ginn. Aus Kamoudheetsgrënn ginn di nach déi verfranséischt, verdäitscht oder verenglescht Stietsnimm weidergefouert mee wann een haut Aktualitéiten op der Telé kuckt da schWätzen d'Fransousen haut net méi vu Ratisbonne mee si soe Regensburg. Déi gebrauchen nach just franséisch Nimm fir grouss dàiitsch, englesch italieenesch oder aner Uertschaften déi bei hinnen pertinent ënner deem Numm bekannt sinn. AAner Uertschaften aus Grenzgebidder nennen déi och mat hierem Numm sou wéi se an hierem Heemechtland genannt ginn an nëtt esou wéi se um franséischen Nopeschduerf heeschen.

Mer kënnen dach nëtt nach 10 Joer hei weiderfueren wéi deen een zu Gremmelescht seet an deen aaneren zu Sir. De Pitter vun Ouren seet nët Ouren dee seet Uuren well deen eng Grëtz méi dàitschsproocheg ass wéi sei belsche Noper. Wou fängt hei d'Dikussioun un a wou hält se op.

Duerfir meng Propos: Auuser grousse Stietsnimm wéi Paräis, Roum, Tréier A.s.w. déi jidererengem gellefeg sinn soolte mer den offizielle Numm vun der Uertschaft gebrauchen wéi se an hierem Land heescht. Am Artikel vun der Uertschaft kann ee jo soen wéi se an der Géigend genannt gëtt. 81.244.169.131 22:57, 27 September 2006 (UTC)

Domadder kann ech liewen. Nach eng Bemierkung zu den Uertschaftsschëlder: hei zu Lëtzebuerg besteet leider d'Tendenz, alles dat als "helleg" ze betruechten, wat entweder op engem Uertschaftsschëld oder am Telefonsbuch steet, well dat jo amtlech oder para-amtlech Informatioune solle sinn. Mee dat gitt emol eng Kéier op Lellgen d'Uertschaftsschëld kucken: do steet well zënter Mënschegedenken Lëllgen ënnert deem franséische Lellingen; zum Gléck amëséiren sech e puer Onverweegener, op all neiem Schëld den Treema erof ze krazen. Also: näischt fir "helleg" a richteg unhuelen, nëmme well et iergendwous esou geschriwwe steet, léiwer alles nach eng Kéier hannerfroen, an awer och net vergiessen, datt de Jemp vun Eeschwëller, d'Jeanny vu Maartel (do an der Géigend seet kee Mënsch Maarteleng, dat héiert een nëmmen op eisem Nationalsender RTL, dofir gëtt dat dann och als "helleg" a richteg ugeholl) oder de Pitter van Urren (an net Uuren) besser wëssen, wéi hiert Duerf heescht, wéi iergendee vun enger Dictionnaireskommissioun aus der Stad. --Pear 05:42, 28 September 2006 (UTC)

Wat de Pitter seet[Quelltext änneren]

"De Pitter vun Ouren seet nët Ouren dee seet Uuren" schreift hei den 81.244.169.131.
"de Pitter van Urren (an net Uuren) schreift hei de Pear.
Immens interessant Gepoters, mee huet dat eppes mat eisem Thema ze dinn? "der Gemeng Oozfeld (sou heescht Arzfeld nämlech an eisem Platt)"
Immens interessant Behaaptung, mee solle mer dat gleewen?
"als "helleg" ze betruechten, wat entweder op engem Uertschaftsschëld oder am Telefonsbuch steet,"
Immens intrigant, mee et geet hei net ëm Uertschaftsschëlter oder Telefonsbicher.
"Maarteleng, dat héiert een nëmmen op eisem Nationalsender RTL"
Immens léierräich, mee de Josy Braun schreift et a sengem "Eis Sprooch richteg schreiwen" Maarteleng.
"zum Gléck amëséiren sech e puer Onverweegener, op all neiem Schëld den Treema erof ze krazen"
gutt ze wëssen, mee wat soll dat aussoen?
Hei gëtt de Pitter ernimmt, den RTL, Plattdüütsch, d'Treemakrazerten, de Jemp, Allemannesch, Oozfeld an déi, déi besser wëssen, wéi hiert Duerf heescht. Potert weider, léif Leit, déi aner wäerten un den Artikele schreiwen. --Cornischong 22:06, 28 September 2006 (UTC)