Op den Inhalt sprangen

Diskussioun:Astoria (Péiteng)

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Sujet derbäisetzen
Vu Wikipedia
Leschte Kommentar: viru(n) 14 Joer vum Pecalux

"Gemäss verschidden nët bestätegt Informatioune bei eeler Semester aus der Gemeng Péiteng stong dëse Kino anscheinend an der haiteger Avenue de la Gare op der riëtser Säit fir erop."

dat ass keng zouverléisseg Quell an huet deemno näischt am Artikel verluer.

"Zum Beispill ass vu Samschdes den 19. Dezember bis Méindes den 21. Dezember 1942 de Film: "Hochzeit auf Bärenhof" gewise gin. Dëse Film gouf no enger Novell vum Hermann Sudermann produzéiert. Ënner aneren hu matgespillt: Heinrich George, Ilse Werner an Ernst von Klipstein. An engem Artikel am LW vum 18.Dezember 1942 stinn nach zousätzlech Präzisioune vun deem Film."

Dës Detailer vun engem Film gehéieren och net an dësen Artikel. Déi gehéieren a separat Artikelen iwwer de Film, iwwer d'Schauspiller an iwwer den Regisseur.

"Ech si bei eluxemburgensia.lu zoufällech op d'Säit 5 vun däer LW-Ausgab gestouss. Fejean Marcel - Jorgang 1945"

Dëse Saz intresséiert kee Mënsch. D'Artikele ginn och net ënnerschriwwen, well ënner Ëmstänn honnerte vun Auteueren kënnen dru schaffen. Intressant wir awer e Link op déi LW-Ausgsb, déi hei ugeschwat gëtt.

Wat bleift da schlussendlech nach vum Artikel Rescht? --Pecalux 17:15, 17. Nov. 2011 (UTC)Äntweren