Diskussioun:Autorail Uerdinger

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Numm Stuckeler[Quelltext änneren]

Salut Les Meloures. Ech sin eigentlech ganz verwonnert: Ech hu bal 42 Joer op der Eisebunn geschafft an dovun och en Deel un den "Ürdinger", mee de Numm "Stuckeler" hun ech mäi Liewe laang nach net héieren. Ech gleewen Dir dass Dir en op der Atertlinn esou genannt hutt, mee an Eisebunnerkreeser ass en, menger Meenung no, ëmmer nëmmen "Ürdinger" genannt ginn. Dat Gestuckels koum awer haaptsächlech doduerch well op der Atertlinn praktesch nëmmen 18 Meter - Schinne louchen a scho joerelaang näischt méi an déi Streck investéiert gouf. Ech bleiwen awer um Ball. --Pecalux 08:37, 13 August 2006 (UTC)

Moien Pecalux,

Deng Bemierkung ass an daat richtegt Ouer komm awer, eréischt virun zwou Minuten. De Stuckeler gët op Ürdinger gereckelt an den Artikel gët iwwerschafft. Do hun ech awer nach eng Fro: Hues du nit zoufälleg eng Foto vun engem lëtzebuergeschen Ürdinger, daat wir flott. Merci am Viraus Les Meloures 13:34, 13 August 2006 (UTC)

"Uerdinger" gefällt mer besser wéi "Stuckeler". Bemierkung: Den "Uerdinger" dee momentan beim "Train 1900" am Asaatz ass, ass ni bei der CFL gelaf. En ass mat der Nr. 795 669-1 fir d'éischt vu 1955 bis 1978 bei der DB zu Wuppertal gelaf. D'DB huet en dunn un "Chemin de fer des trois Vallées" op Marienbourg (B) (haut och eng Muséesbunn), verkaaft wou e bis 1996 ënnert der Nr. 551.669 gelaf ass. Dunn ass en un d'AMTF (train 1900) verkaf ginn. Allerdéngs hat d'AMTF am Ufank och en CFL-Uerdinger (ech mengen et war den 161, sinn awer nët secher), dee leeft awer haut net méi. Ech wees och net wat dermatt geschitt ass. Mee, wéi sch gesot, ech bleiwen um Ball. --Pecalux 09:21, 14 August 2006 (UTC)


Deen 161 soll et jo anscheinend ginn hunn. En ass mol wéinsten esou bei der ALACF opgelëscht. Daat schengt dann deen enzegen aus enger aaner Baurei gewiescht ze sinn, di aaner zing 151-160 waren no der ALACF 110-päerdeger. Et ass awer och méiglich dass en eng Kéier ëmgedeeft gouw. Mengst du et wier meiglech daat erauszefannen. Merci am Viraus Les Meloures 16:41, 15 August 2006 (UTC)

Den 161 ass et ginn. E staamt aus der selwechter Série wéi den 551.669, dee momentan beim Train 1900 leeft. En ass 1955 gebaut ginn, 1956 bei den CFL a Betrib gaang a bis 1970 gelaf. E war e Stéck méi laang wéi d'150er an hat 55 Plaatzen an 145 PS.
Ech si nach ëmmer amgaang Recherchen ze maachen. Wann ech alles zesummen hun, fänken ech un den Artikel ze verbesseren. Eng Fro nach: Mengs de nët et sollt een déi däitsch DB-Bezeechnung "VT 95.1" ewechloossen an CFL-Bezeechnung "Autorail 150" an d'Tabell iwwerhuelen? Am Text kinnt ee jo dann op d'auslännesch Bezeechnungen kuerz agoen. --Pecalux 07:34, 16 August 2006 (UTC)

Vum Letzebuergeschen aus gesinn hues de Recht wanns de seest et soll een d'Letzebuerger Bezechnung iwwerhuelen. Den Artikel behandelt jo awer sou wéi sein Titel et elo seet den Uerdinger oder d'Uerdinger Schinnebussen oder Autorailen. Vum der technescher Beschreiwung wir et menger Meenung no méi richteg se sou ze vernennen wéi d'Fabrik se genannt huet. Wann VT 95.1 allerdings d'Bezeechnung vun der Bundesbahn war da wier et gutt déi nit ze gebrauchen. Les Meloures 09:31, 16 August 2006 (UTC)

PS: Wann op deem deen am Fond de Gras steet eng Plaque vun der Fabrik drop ass da giww daat vläicht weiderhëllefen. Ech gesinn haaptsächlech de Probleem bei der zweeter Baurei wéi giwwe mer déi vernennen. Et kann een allerdeng déi am Tableau ewechhuelen an just am Text ernimmen. Ech giww soen wanns de all déi neidig Renseignement zesummen hues maach do wéis du daat fir richteg hällst. Les Meloures 09:50, 16 August 2006 (UTC)

Stéckzuel ????[Quelltext änneren]

  • Déi zéng Autoraile kruten d'CFL-Nummeren Z 151 bis 160.

An drënner steet:

Merci fir d'Bemierkung. Dat gouf elo am Artikel geännert.--Fliedermaus 09:43, 2. Mäe. 2011 (UTC)[äntweren]


Merci och. Ech huelen un datt bei de Remorken amplaz vun Z 1051 bis Z 1061 och misst Z 1060 stoen, oder gouf do och eng nogeliwwert? -- 91.180.222.162 11:24, 2. Mäe. 2011 (UTC)[äntweren]
Ech si keen Expert an däer Matière. Op rail.lu ass awer eng Lëscht mat de Remorquen ze fannen. Eng Z 1061 steet do net drop, duerfir gouf elo am Artikel "Z 1061" duerch "Z 1061" ersat.--Fliedermaus 11:46, 2. Mäe. 2011 (UTC)[äntweren]