Diskussioun:Banzelt

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Banzelt steet net an der Opzielung op der Syvicol-Websäit a gëtt op der Gemenge-Websäit och net ernimmt "Située dans la moyenne vallée de la Syre, les cinq villages Berg, Betzdorf, Mensdorf, Olingen et Roodt-sur-Syre forment la commune de Betzdorf." Ass et e Lieu-dit?? Da kéinte mir dat esou bréngen, mengt de --Cornischong 17:35, 31 Januar 2006 (UTC)

Wou sech d'Fro dann och nach stellt, wéi eng Kategorie mer dofir opmaache sollen: "Lëtzebuerger Lieu-diten" oder "Lëtzebuerger kleng Dierfer ouni Kierch"? --Otets 18:59, 31 Januar 2006 (UTC)

Fir d'éischt emol, dei Fro do gëtt ziimlech spèit opgeworf, nodeems dann d'Lëtzebuerger Dierfer mat gewësse Lieu-dit (ewéi de Cornischong an den Otets dat mengen) schons an der Wiki stin. Ewéi déi Saach akut wuar, du gouf gesoot sëtz emol alles dran. Dat war och eng Method, elo ze knadderen ass eng aner.
Fir op Banzelt zreck ze kommen, Banzelt läit tëschent Rued-Sir a Bierg op enger Kräizung mat der Haaptstrooss fir op Gréiwemaacher. Et stin e puer Häiser do, an eng Transportfirma huet och do Garagen a Camionen stoen. Johnny Chicago 19:13, 31 Januar 2006 (UTC)
Hei knaddert keen. Hei stellt een eng Fro. Meng Fro war: ass et e Lieu-dit? "dei Fro do gëtt ziimlech spèit opgeworf ...": Ass dat e Virworf? Soll ech mech entschëllegen, datt ech se lo eréischt bruecht hunn?? Ma ech hunn se fonnt, wéi ech emol d'Awunnerzuelen nogekuckt hunn. Et war villäicht och zimmlech spéit fir d'Awunnerzuelen nozesichen. Dann entschëllegen ech mech och nach dowéinst. Just: D'Fro ass nach net beäntwert. --Cornischong 19:22, 31 Januar 2006 (UTC)

Cornischong esou Gespréicher brenge näischt. Hei nach eng Kéier, Banzelt steet beim Josy Braun an an der Aktioun Lëtzebuergesch (Gemeng : Betzder) ennert de Lëtzebuerger Uertschaftsnimm. A vu, dass d'Gemeng Betzder Banzelt net erniimt, ass Banzelt an d'Wiki geschriwe gi mat et läit an der Gemeng Bëtzder. Dat esou e salomonescht Urteel wéi den Otets dat bei Gouschteng gemeet huet.Johnny Chicago 23:49, 31 Januar 2006 (UTC)

Wéi ass et dann einfach mat Uertschaft, oder wann et keng ass (villäicht hunn ech rëm näischt verstan): Flouernumm?
Banzelt wéi et virum Lieu-dit an der Wiki stung, war vläicht net glëcklech, awer d' Wuert Lieu-dit wann dat soll Lëtzebuergesch sinn, dajee alt. Johnny Chicago 00:01, 2 Februar 2006 (UTC)
Fir déi, déi net matkritt hunn datt et eng sëllege Wierder gëtt, déi mer aus dem Franséischen ausgeléint hunn, huet de Josy Braun a sengem Buch eng ganz Lektioun geschriwwen, d'Lektioun VII. Dat fänkt op der Säit 40 un an et geet bis Säit 49 uewen. A fir datt jidderee versteet, ëm wat et do geet, heescht déi Lektioun "Franséisch Wierder an eiser Sprooch". An am Kapitel H geet souguer Rieds vun zesummegasate franséisch Substantiver. An et géif mech net wonneren, wa "Lieu-dit" e franséischt wier. An do ginn et nach vill méi spezieller wéi "Lieu-dit", do steet souguer "Pièce-Montée", an esouguer de Plural dovun, "Pièce.montéeën". An op der Säit 49 steet souguer, datt mer och griichesch Wierder ausgeléint hunn. An de Josy Braun zielt der e puer op (Orthographie, Theater, ..). An de Josy Braun schreift (nees op der Säit 49), datt mer souguer englesch Wierder an eiser Sprooch hunn. An de Josy Braun schreift iwwer de Plural vun deenen englesche Wierder, déi mer iwwerhol hunn. Hie schreift och, datt zesummegasate Substantiver, déi mer aus dem Engleschen ausgeléint hunn, genee d'selwecht behandelt gi wéi déi franséisch. An do ginn et och Wierder, déi net jidderengem geleefeg sinn; "Sit-innen". Do kéint ee glat mengen, dat wier net Lëtzebuergesch. Mee dach; et si just Wierder, déi mer importéiert hunn. An dat aus engem gudde Grond. Well mer kee Wuert dofir hunn. An esou ass et och mam "Lieu-dit". Dofir hate mer snscheinend keent. An dofir gebrauche mer "Lieu-dit". A well ech mer haut net ze schued war, fir mech z'informéieren, wéi dat da mat Banzelt esou ass, hunn ech zu Betzder op der Gemeng gefrot. An déi frëndlech Leit hu mer souguer d'Awunnerzuele vun allen Uertschaften aus der Gemeng verroden. An ech hu se schonns an d'Artikele geschriwwen. A wann ech hei net géif vu Geknadders opgehale ginn, dann hätt ech elo alt kënnen eppes Neies schreiwen. --Cornischong 01:09, 2 Februar 2006 (UTC)

Well mer kee Wuert dofir hunn(Cornischong).
Méiglechkeete ginn et awer:
Deutsch luxemburgisches Wörterbuch: Ort = Plaz, Uertschaft
oder
am Lëtzebuerger Dixionär stinn zwéi Begreffer:
1)Uert an (Dim.) Iertchen
2) Uertschaft = Ortschaft
Kënnte mer äis da net op Plaz oder Uert eenegen.
Ech mengen et wier wichteg wa mer och emol d'Meenung zu deem Thema vun deene anere Wikipedianer géifen héiren. Et gi jo nach vill méi esou Plazen, wéi nëmme Banzelt zu Lëtzebuerg.Johnny Chicago 09:51, 2 Februar 2006 (UTC)

Uertschaft geet fir alles, vun der Groussstad bis zu engem Haus. Fir Lieu-dit hu mer eng Lëtzebuergesch Expressioun (dem DLW no): klengt Duerf ouni Kierch. Dat ass awer elo net esou praktesch, a wann ech dann de Choix hunn tëscht Weiler, Hameau a Lieu-dit, dee mengen ech datt Lieu-dit nach am Gebräichlechste wier. --Otets 10:42, 2 Februar 2006 (UTC)

Cornischong et deet mer leed dat ech dech esou an d'Luucht gedriwen hun, ech wollt emol d'Wikipedianer aus hirer Reserve erauslackelen, an d'Diskoussioun op d'Spëtzt dreiwen. Leider ass d'Reaktioun bei deene meeschte Null. Wéi soot eise Premier ...
Johnny Chicago 22:29, 2 Februar 2006 (UTC)

"Reserve"; huet net déi Dikrecher Brauerei esou eppes gehat? --Cornischong 22:54, 2 Februar 2006 (UTC)

Kikeriki soen ech do just. --Otets 23:11, 2 Februar 2006 (UTC)