Diskussioun:Bibliothèque de la Pléiade

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

"Deen éischte Band ass 1931 bei Gallimard erauskomm, bis haut sinn et der bal 500": Këddel mech, da laachen ech. --Cornischong 10:04, 14. Okt 2008 (UTC)

"d'Serie proposéiert Gesamtwierker vu klasseschen Auteuren ..": Këddel mech, da laachen ech. Hei e Saz aus "La lettre de la Pléiade" no 26 op der zweeter Säit: "Les oeuvres complètes sont minoritaires au catalogue de la Pléiade. ..." --Cornischong 12:35, 14. Okt 2008 (UTC)


Moien,

Just zur Erënnerung,

Dësen Artikel stoung vum 3. September 2007 un mat engem Saz oni Feeler do, an zwar:

D' Bibliothèque de la Pléiade ass eng Kollektioun vu franséischsproochege Bicher. dragesat vum Cornischong. 

Ech froe mech firwat datt ee sech et erlaabt eppes un sou engem feelerfräien Artikel z'änneren. Les Meloures 13:40, 14. Okt 2008 (UTC)

Ech kéim dech scho këddelen, mee ech hu keng Zäit, well ech Artikele verbesseren. Esou direkt am Artikel selwer, net op enger Diskussiounssäit. Wat ass dann net richteg, 1931, Gallimard oder 500? Vu wéini ass däi Bréif Nr 26, ass dee grad esou à jour wéi "Kollektioun vu franséischsproochege Bicher", dee Katalog gëtt jo stänneg erweidert? --Otets 16:45, 15. Okt 2008 (UTC)

Téitschen, Schréipsen a Fränjelen[Quelltext änneren]

E schéine gudden Owend. Et wier ganz léif, wann een eng Foto kéint erasetzen, op där keng getéitschten oder geschréipste Pléiade-Bicher sinn. Dat mécht net gutt. A wa méiglech och eng vun engem Liesbändchen, dat net ausgefränjelt ass. Bei sou schéine Bicher mécht dat einfach besser. Wa keen eng Rëtsch Bänn huet fir ze fotograféieren, hëllefen ech gär aus. Einfach mellen. --Cornischong 21:07, 14. Okt 2008 (UTC)

Moien,
Looss de net fléiwen, maach et einfach. Les Meloures 21:47, 14. Okt 2008 (UTC)
Ech fannen, et gëtt méi wichteges hei op der Wiki ze maachen, wéi eng Foto vun e puer Buchrécker duerch eng, wou eng Téitsch manner drop ze gesinn ass (déi näischt um dokumentaresche Wäert ännert) z'ersetzen an och nach driwwer ze diskutéieren, mee bon, ech kann do bei Geleeënheet, wann och eréischt an e puer Wochen, ouni ze groussen Opwand do dingen. --Zinneke 22:10, 14. Okt 2008 (UTC)

Villmools Merci fir déi frëndlech Äntwert, déi mech total iwwerzeegt huet. Ech konnt mech elo selwer vum "dokumentaresche Wäert" vun deene Krätzbiller (besonnesch dat vun den Zéiwen) iwwerzeegen. (Ech si vu Leit virun e puer Deeg drop gestouss ginn.) Wann déi bis elo soss kengem opgefall sinn, ausser dem Azeton (deen awer ruck-zuck erausgëeekelt gouf), wäert et och net esou wichteg sinn. --Cornischong 23:50, 14. Okt 2008 (UTC)

Wéi gesot, wann e Commons-Bild onschoarf ass da kanns de et ëmmer ouni grouss Diskussioun duerch en eegent (schoarft) ersetzen. Ech si gespaant ze gesi wéi deng Zéiwen ausgesinn. --Otets 16:45, 15. Okt 2008 (UTC)

SCHAFFEN + SËCH BILDEN vs. AGEBILD JÉIMEREN[Quelltext änneren]

Fräi nom Motto: Nodenken schued näischt, et sief dann d'STÄIP schléit engem wéi e STÄIL[1] an de Kënn[2]

Gudden Owend[3],

De Fall gesat de Cornischong[4] weess nach wéi et geet, kann hie jo déi 7 rout Linken[5] an dësem Artikel duerch...

  • Recherchéiere
  • Iwwerleeë
  • Redigéiere
  • Illustréiere
  • Korrigéiere

vun entspriechend 7 nei Artikelen dofir suergen dass si a bloer Faarf erschéngen.

De Problem schéngt just ze sinn: de Cornischong huet just nach eppes auszesetzen, mais näischt méi fir dobäizesetzen !

Ech sinn dofir, dass esou Benotzer definitiv gespaart ginn an sech net méi op eng al Identitéit kënne STÄIPen[6].

Wann esou Benotzer rëm wëlle matschaffen, da solle sie dat mat enger neier Identitéit, ouni Vergaangenheet an mat de néidege Ëmgangsforme maachen.

E motivéierten, léierwëllege Wiki-Frënn named --PlayMistyForMe 20:54, 15. Okt 2008 (UTC)

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. D'Wuert Stäil waart nach op en Artikel, avis aux amateurs.
  2. Le penseur vum Auguste Rodin
  3. Fir déi éischt zwou Referenzen, kuckt w.e.g. d'Legend vum Bild
  4. Ech schreiwe bewosst emol keng Aliase heihinner fir ze verhënneren dass en seng wärtvoll Zäit domat verbréngt, fir mat sech selwer Diskussiounen an Email-Korrespondenzen unzefänken a vläischt doduerch an eng Spiral geréit, aus där e just nach op enger BIER erausgedroe ka ginn..
  5. Hei sinn déi 7 Linken: Éditions Gallimard, Baudelaire, Racine, Voltaire, Laclos, Musset, Stendhal.
  6. D'Wuert Stäip ass och nach fräi, d.h. waart och nach op säin Artikel. R'avis aux amateurs...