Diskussioun:Biologie

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Eigentlech misst dat Fachgebitt éischter Zoologie heeschen, well dat griichescht zoe bezitt sech op dat organescht Liewen (net nëmmen d'Déieren), während ee wéi gesot ënnert bios d'Art a Weis ze verstoen huet, wéi virun allem de Mënsch lieft. Esou war dann och an der griichescher Antikitéit de Biologos kee Wëssenschaftler, mee e Schauspiller, deen dat mënschlecht Liewen duerstellt.

Mat dësen zwee Sätz bréngt een den allgemenge Lieser just duergerneen. Ausser wann sech hei argumentéiert Oppositioun mellt, wäert ech déi Sätz deemnächst ewech huelen. Doncastro 15:26, 2 September 2007 (UTC)

Maach dat. Et gëtt sou lues Zäit, fir dat Déngen ze raumen. --Cornischong 16:38, 2 September 2007 (UTC)

An deene nächsten Deeg schaffen ech hei nach weider drunn.--Doncastro 14:44, 10 September 2007 (UTC)

Ma dat ass gutt. Ech stellen der d'Schantjens Schëld dohin. Da geet keen der dra wurschtelen. Wann s de domat fäerdeg bass, da läscht de einfach déi "EnCours"-Etikett. --Cornischong 15:19, 10 September 2007 (UTC)

Kinnekräicher[Quelltext änneren]

Wéi am Artikel gesot: de Bam vun den Eukaryoten ass nach an der Diskussioun. Hei eng alternativ Klassifikatioun, och aus dem Joer 2005.

  • Plantae: Gréngalgen, Routalgen an all aner Planzen;
  • Unikonten: Amoeben, Schläimpilzen, Pilzen, Choanozoa, Déieren...
  • Excavates: Eugleniden an aner Eenzeller;
  • Rhizaria: Foraminifera an aner Eenzeller;
  • Chromalveolates: Ciliates (=Wimperdéierchen) an aner Eenzeller.

Keeling, P.J. et al., 2005. The tree of eukaryotes. Trends in Ecology and Evolution 20 (12): 670-676. Am Artikel hunn ech dës Referenz bäigesat. Cayambe 08:48, 14 Oktober 2007 (UTC)

Mer dinn eis e bësse schwéier mam Opbau vun den Organismen. Um Ufank hat ech no Nofro beim Biologie-Zampano aus der de-Wikipedia der Lynn Margulis an der Larlene Schwarz hir "Fënnef Räicher" wollten huelen, wel déi sech, no menger Meenung, gutt erkläre loossen a ganz iwwersiichtlech sinn. Dat wollten awer zwee Geniën net, a si hunn en anere System hei wollten ariichten. Nodeem se dann en Deel ëmgetriwwelt haten, hu se hire Kreemche leie gelooss a sinn hirer Wee gaangen. Dat ass de Grond, firwat dat alles wéi "bestallt an net ofgeholl" ausgesäit. Ech si frou, datt s de kucks, fir dat Ganzt nees vum Kapp op d'Féiss gestallt ze kréien. Ech halen net drop, d' "Fënnef Räicher" ze benotzen, awer et gëtt Zäit, datt mer een iwwersiichtleche System an de Schaf kréien. A Merci, datt s de eis "um Lafenden" häls, wat s de wëlles hues. --Cornischong 09:08, 14 Oktober 2007 (UTC)