Diskussioun:Bléi

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Et ass net Grëffel mä Griffel an och net Kellech mä Kielech --91.180.96.39 12:42, 8. Mee 2018 (UTC)[äntweren]

Béid Begrëffer existéieren am Luxdico, dofir géing ech déi gären als botanesch Fachwierder benotzen (bzw. reaktivéieren):

Christian Ries (Diskussioun) 14:00, 8. Mee 2018 (UTC)[äntweren]

Moie Chritaian Ries,
De Luxdico ass am Ament fir ons op der Wiki kee Referenzdictionaire, an den Engelmann ass deelweis iwwerlieft.
Zanter scho méi laang gëllt fir d'Wikipedia am Allgemengen d'Haaptvariant wéi s'am Spellschecker an um LOD ze fannen ass. Dem Engelmann seng Haaptvariant ass och Griffel a Kielech. Wann s de ënner deenen anere sichs fënns de se mol net. Wann d'Botaniker mengen se solle vereelst Wierder ausgruewen da solle se sech dat gutt virdrun iwwerleeën, well menger Meenung no bréngt dat net vill. Dat ass och verschiddene Leit an der Sproochekommissioun hir Meenung. Firwat wennt der iech net un déi, déi sollten dach eigentlech do matbestëmmen, a souwisou sinn et jo keng exclusiv botanesch Wierder. Firwat soll eppes an der Botanik vum normale Sproochgebrauch ofwäichen? Bescht Greéiss --Les Meloures (Diskussioun) 14:39, 8. Mee 2018 (UTC)[äntweren]

Gudde Moien Les Meloures, Merci fir däi Feedback. Ech benotzen och de Spellchecker an den LOD als éischt Quellen. Wann ech do näischt fannen, ginn ech an den LWB kucken. Ech änneren déi zwee Begrëffer dann op déi neitst Orthografie. Cf. och meng Äntwert op https://lb.wikipedia.org/wiki/Diskussioun:Systematik_vun_de_Bl%C3%A9ieplanzen Mat beschte Gréiss, --Christian Ries (Diskussioun) 07:25, 9. Mee 2018 (UTC)[äntweren]


Gudde Mëtteg,

eng konkret Ufro wéinst dem Begrëff Bléihëll, deen op Bléihüll geännert gouf: Hüll existéiert weder am LOD nach am Spell-Checker an am LWB. Do dergéint existéiert Hëll, och wann et vereelst ass: "veraltete Ra.: an Hëll a Fëll" (http://engelmann.uni.lu:8080/portal/WBB2009/LWB/wbgui_py?lemid=HF00665) Ech géing an deem Fall proposéieren, fir de Begrëff Blütenhülle op lb Bléihëll ze nennen.

--Christian Ries (Diskussioun) 11:18, 9. Mee 2018 (UTC)[äntweren]

Remoien,
Sou laang wéi mer näischt Besseres hunn misst dat och ok sinn :-) --Les Meloures (Diskussioun) 11:43, 9. Mee 2018 (UTC)[äntweren]