Diskussioun:Bockfiels

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Uewerstad oder Clausen?[Quelltext änneren]

Moien, bis lo louch de Bockfiels fir mech "gefillsméisseg" an der Uewerstad - sou wéi och hei an der Kategorie.

Ma wann ech awer http://map.geoportail.lu kucken, schéngt et mir wéi wann de ganze Clausener Bierg (bis do wou en de Sosthène Weis kräizt) inklusiv de Bockfiels zu Clausen géing gehéieren. Vläit huet hei ee méi genee Informatioun. Merci! --Jwh (Diskussioun) 00:11, 23. Nov. 2013 (UTC)[äntweren]

Dat stëmmt schonn. Ech hunn dat mol an deem Sënn ëmgebaut. --Les Meloures (Diskussioun) 10:03, 23. Nov. 2013 (UTC)[äntweren]
Wat intressant wier, dat wier fir erauszefannen ob déi Tranchée tëscht dem Bock an dem Fëschmaart natierlech ass oder net. --Les Meloures (Diskussioun) 10:07, 23. Nov. 2013 (UTC)[äntweren]
Déi ass natierlech, a war jo och mat de Grond, grad duer eng Buerg ze bauen. Ma 't ass gutt méiglech, datt s'am Laf vun de Jorhonnerte beim Festungsbau nach e bëssen nogehollef krut.--Zinneke (Diskussioun) 10:23, 23. Nov. 2013 (UTC)[äntweren]

Hypothesen[Quelltext änneren]

Ier ech eppes an den Artikel setze vun deem ech weess datt et och Géigenhypothese gëtt, diskutéieren ech dat léiwer als éischt hei. Fänke mer mam Ausgesinn un. Kloer datt een do ni eppes eendeiteges ka kréien. Et geet mer also just drëm ze wëssen, op dem Arendt seng Zeechnung vun 1895 (elo am Artikel dran) keng substantiell Elementer enthält vun deenen hautdesdaags (z.B. duerch Ausgruewungen) bewisen ass datt se kloer falsch sinn?

Zweet Fro ass déi, wéini a wéi d'Buerg zerstéiert gouf. Et sinn der déi soen, de Keeser Karl V. hätt se 1543 aus strategesche Grënn ofbrennen a sprenge gelooss a méi spéit wiere just d'Iwwerreschter fortkomm ([1]), déi meescht soe se wier 1543 zwar verbrannt awer 1549 ënner der Leedung vum Marschall vu Geldern Martin van Rossum (zesumme mam Sebastian van Noyen aus Utrecht) komplett zerstéiert an ewechgeholl gi fir eng besser Befestegung dohinzesetzen ([2], [3] an [4]), an da gëtt et eng Source déi Beleger ze brénge schéngt se wier ni schwéier beschiedegt ginn an hätt och 1549 iwwerlieft mee wier duerno eréischt ganz lues a lues verfall ([5]). Wat ass den aktuelle Stand vun den historeschen an archeologesche Recherchen dozou?
--Otets ♣ 15:29, 9. Okt. 2020 (UTC)[äntweren]

Moien,
tipptopp, daas de (eventuell vereelzt) Quelle kritesch hannerfrees. Wéi grouss d'Chance ass, dass deen Expert vum Thema déi Säit hei liest an dann d'Äntwert schreift, schéngt mer allerdéngs ganz kleng. Vläit komme mer éischter op e gréngen Zweig, wann s de déi Informatioun an den Artikel abaus, an et esou formuléiers, dass et kloer ass, dat dat ecentuell haut widderluecht kinnt sinn. Z.B esou:
(Ënnerkapitel: Ausgesinn) "1895 huet de Charles Arendt op Basis vum deemolege Wëssen eng Zeechnung gemaach[Quell], wéi d'Buerg am 15. Joerhonnert kinnt ausgesinn hunn."
Dat erméiglecht et dann eventuell méi nei Erkentnesser drënner ze schreiwen, wann et der ginn.
D'selwecht mam Datum zu der Zerstéierung: "Wéini d'Buerg zerstéiert gouf, dozou ginn et verschidde Quellen: No x (net just "et sinn der déi soen": op d'mannst eng Quell ernimmen) wier dat ... Den y schreift, am Joer .... asw."
--Zinneke (Diskussioun) 08:35, 10. Okt. 2020 (UTC)[äntweren]
PS Méi allgemeng froen ech mech, wann s de méi zu der Buerg wëlles hues ze schreiwen, ob et net besser wier, wann s d'am Artikel Bockfiels just zwee, dräi Seätz zur Buerg géifs loossen, an en eegenen Artikel Buerg Lëtzebuerg géifs uleeën (op de:wiki heescht en de:Burg Lucilinburhuc, wat ech allerdéngs net esou gutt fannen, well se sou jo just an deem ominéisen Tauschakt genannt gouf; an de Joerhonnerten dono awer bestëmmt anescht)?

Gutt, da bauen ech dat mol an den Artikel um Bockfiels an. Aktuell grouss Sourcen iwwer d'Buerg hunn ech net online fonnt, also geet et net duer fir dat bësse wat mer hunn an en eegenen Artikel auszelageren. --Otets ♣ 14:50, 10. Okt. 2020 (UTC)[äntweren]