Diskussioun:Bot
Sujet derbäisetzenAusgesinn
Leschte Kommentar: virun 1 Joer vum GilPe am Sujet Eenzuel / Méizuel
Eenzuel / Méizuel
[Quelltext änneren]Gudde Mëtteg,
Am Artikel fannen ech „e Bot“ an der Eenzuel, an der Méizuel awer „Bote(n)“ grad ewéi„ Botte(n)“. Den LOD hëlleft eis do net allze vill, well et en technesche Begrëff ass. Am Fong gëtt et jo ausgeschwat wéi eng Bott Hee… , woubäi Bot eng Variant vu Boot ass…
U wat solle mer eis halen? | GilPe (Diskussioun) 13:01, 11. Jan. 2025 (UTC)
- Soulaang wéi Roboter vun deem et ofgeleet ass, am LOD keng zwéin t huet bréichte mer bei Bot och keng zwéin. --Les Meloures (Diskussioun) 13:06, 11. Jan. 2025 (UTC)
- Geméiss Abschnitt 7.3.1 vun der Lëtzebuerger Orthografie (S. 58) muss bei der Méizuel vun engem englesche Wuert no enger betounter Silb mat kuerzem Vokal de Konsonant verduebelt ginn.
- Deemno wier déi eenzeg richteg Schreifweis Botten.
- (Iwwregens ass et och esou, wéi engl. bots duerchgoend op translatewiki iwwersat gouf: https://translatewiki.net/w/i.php?title=Special:SearchTranslations&filter=translated&language=lb&query=bots.) --Volvox (Diskussioun) 14:36, 11. Jan. 2025 (UTC)
- Soulaang wéi Roboter vun deem et ofgeleet ass, am LOD keng zwéin t huet bréichte mer bei Bot och keng zwéin. --Les Meloures (Diskussioun) 13:06, 11. Jan. 2025 (UTC)
Okee, Merci. Ech hat et och mat Botten iwwersat. Da bleiwe mer dobäi. | GilPe (Diskussioun) 15:14, 11. Jan. 2025 (UTC)