Diskussioun:Bréck vu Wuermer

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Den 21. September 1884 huet déi preisesch Regierung hir Zoustëmmung fir de Bau vun der Bréck ginn.

Den Theodor Weber schreift datt den 21. September 1884 de Wuermeldenger Gemengerot fit d'éischt ofgestëmmt hätt. Wéini déi preisesch Regierung en Accord ginn hätt seet en net, mä et war net virum virum 15. Mäerz 1886 well do nach ëmmer iwwer d'Duerchflossprofiller diskutéiert gouf. (Theodor Weber, Brücken über die deutsch-luxemburgische Grenze Säit 363). --Les Meloures (Diskussioun) 09:22, 23. Sep. 2016 (UTC)[äntweren]

Ënner dem 21. September 1884 hunn ech a menger Quell zwou Informatioune stoen: Zoustëmmung vun der preisescher Regierung zum Bau vun der Bréck an Decisioun vum Gemengerot, de Projet vum Bau vun enger Bréck aus Stol ze adoptéiere mat Angab vun de Käschte fir eng Bréck aus Stol an eng aus Steen.
Well et zwéin Abschnitter si war ech mer net sécher op béides zum gläichen Datum géif gehéieren a well et och onwarscheinlech ass datt béides um selwechten Datum decidéiert gouf.
Ech huelen awer elo un, dat et bei deem Datum ëm eng Gemengerotssëtzung goung (de Schreiwer vum Artikel ass de Gemengesekretär vun 1950) an där bekannt gemaach gouf datt déi preisesch Regierung hiren Accord ginn hat, warscheinlech scho méi fréi. Doropshin huet de Gemengerot fir de Projet vun der stolener Bréck ofgestëmmt.
Ech gesinn och net firwat d'preisesch Regierung hiren Accord net virum 15. Mäerz 1886 gi konnt, och wann nach Detailer net kloer waren. Ech mengen et muss ee jo awer emol prinzipiell wësse, wann een esou e Projet ufänkt, op déi aner Säit prinzipiell domat averstanen ass an et huet kee Wäert op Detailer anzegoe soulaang een dat net weess. --MMFE (Diskussioun) 10:33, 23. Sep. 2016 (UTC)[äntweren]
Och richteg gesinn. Ech wullen mol nach e bësselche weider a fanne vläicht eraus wéini datt Preisen hire Prinzipaccord fir de Bau ginn hunn. Et schéngt mer och logesch datt dat virun der Decisioun vum Gemengerot war, well wann déi dergéint gewiescht wieren, hätten déi Wuermeldenger jo mol guer net bräichten un eng Bréck ze denken. --Les Meloures (Diskussioun) 10:47, 23. Sep. 2016 (UTC)[äntweren]