Diskussioun:Brot und Spiele

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Mär kënnt dat Ganzt vir wéi eng Gratisreklamm an de Wikien fir Bluttsëfferspillereien. Kuckt iech emol d'Websäit gutt un. Do geet néierens d'Ried wien dat organiséiert. --Cornischong 13:17, 15 Mee 2007 (UTC)

Op trier.de nogelies: Brot & Spiele, das große Römerspektakel in Deutschlands ältester Stadt. Veranstalter: Stadt Trier --Kaffi 13:45, 15 Mee 2007 (UTC)

"2007 as Brout & Spiller en offizielle Bäitrag zum Program vun der europäesch Kulturhaaptstad 2007 Lëtzebuerg a Groussregioun," : Am offizielle Programm "Luxembourg et grande région Capitale européenne de la culture 2007" hunn ech dat nogesicht: Op der Säit 124 fannen ech d'Ausstellungen iwwer de "KONSTATIN DER GROSSE", do steet kee Wuert vun de "Brot und Spiele" ! Am ganze Programm, an dat deen offiziellen, hunn ech näischt dovu fonnt.

"deen zënter 2002 all Joer an der eelster Stad vun Däitschland, Tréier, organiséiert gëtt .." Hei geet mat kenger halwer Silb iwwer déi aner Festivale Rieds, déi virdru waren.
Op der Websäit vun der Medienfabrik Trier liesen ech "Die medienfabrik Trier bietet Ihnen die Möglichkeit, Ihre Kunden und Mitarbeiter auf eine ausgefallene Zeitreise in die Welt des Kaisers Konstantin einzuladen. Durch Illumination, ausgefallene Menuekonzepte und innovative Rahmenprogramme wird Ihre Veranstaltung zum Erlebnis." Ass dat vun der Sta Tréier, déi vu Clientën a vu Mataarbechter schreift?? De Link fir op d'Medienfabrik ass iwwregens dee vun der "Brot und Spiele"-Säit.
Mat anere Wierder, d'Ausstellunge gehéieren zum offiziellen Deel vum Kulturjoer, mee dat Déngen hei net. Ech loosse mech gär beléieren.
An nach:An der Wikipedia sinn déi Saachen ze fannen, déi waren, an net, déi déi ugekënnegt sinn!! Fir mech ass dat hei eng Gratisreklamm an ech sinn dervir, dee Klmbim ze läschen. Mär maachen hei fir kee Reklamm. Och net fir Bluttsëffertopegkeeten à la " Sie, als Teil des Publikums, entscheiden über „vitam aut mortem“ - Leben oder Tod - der Athleten". --Cornischong 16:08, 15 Mee 2007 (UTC)

Komescherweis ass déi däitsch Wiki sech net ze schued fir en Artikel iwwer dës Réimerspiller drann ze hunn. Wann ech deen Artikel esou liesen, hunn ech net d'Gefill dass et soll eng Reklamm sinn. Oder ass eisen Artikel iwwer d'Schueberfouer och eng Reklamm? --Pecalux 16:35, 15 Mee 2007 (UTC)

An ech hat gehofft ech krit alt eng Äntwert op meng Argumenter. Lo kréien ech engem seng Gefiller erzielt an eng Fro gestallt. --Cornischong 19:49, 15 Mee 2007 (UTC)

Op Argumenter kann ee keng Äntwert kréien, déi kritt ee nëemen op eng Fro. War dat hei deng Fro: "Ass dat vun der Sta Tréier, déi vu Clientën a vu Mataarbechter schreift??" ? Dann deet et mer leed, mee ech hunn déi Fro net verstanen. Et ass nun emol dacks schwéier sech esou auszedrécken dass déi aner een och verstinn. Ech hat dat och schonn. --Pecalux 09:25, 16 Mee 2007 (UTC)