Diskussioun:Brouderbuer

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Wou kënnt déi Schreifweis "Brouderbuer" eigentlech hier? De Josy Braun huet dat net, an op der Gemeng hirer Websäit hunn ech et och net fonnt. Firwat net "...bur"? --Cornischong 23:49, 21 November 2005 (UTC)

Vum Alexandra~, soss keng font! Zefridden? ... Nuje et nerwt een emol déi, dei ganzen Owend op der Wiki waren, dat ass och eng Manéier Johnny Chicago 00:56, 22 November 2005 (UTC)

Ech zitéiren emol: "Net ech hun héieren, net et wier, schrëftlech Beweiser si gefroot. Johnny Chicago 21:39, 4 September 2005 (UTC)". --Otets 18:10, 22 November 2005 (UTC)

Wann ech an enger Gemeng oder an engem Duerf de Buergermeeschter änneren, kucken ech net emmer nach den Uertschaftsnum no, besonnesch wann e vun engem Matarbechter vun der Wiki also net vun enger IP bäigesaat ass ginn. Virwat wann een de Numm weess an fonnt huet, en net einfach änneren (dat ass jo de System vun der Wicki). Wann dat gemeet gi wier hätte mir eis vill Geschreiws gespuert. Johnny Chicago 00:55, 23 November 2005 (UTC)

Et ass jo näischt Schlëmmes geschitt. Ech hunn den Numm net beim Braun an net op der Gemengesäit fonnt )steet schonns uewen). Am Telefonsbuch steet, et soll een ënner "Gilsdorf" kucken. Bei "Eis Sprooch", déi mat virsiicht ze genéissen ass, steet Brouderbur (wat "logesch" ass) a op Franséisch an Däitsch Broderbour, wat mär "friem" virkënnt. Vu "wëssen" sinn ech awer nach ewech. Ech wéisst och keen (!!), dee mar dat "verbindlech" kéint soen. Guer keen. Leider. --Cornischong 01:08, 23 November 2005 (UTC)