Op den Inhalt sprangen

Diskussioun:Buerg um Gehaansbierg

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Sujet derbäisetzen
Vu Wikipedia
Leschte Kommentar: virun 1 Joer vum 2A02:A03F:A199:6C00:3014:C3C9:3DC9:168B

Moien,

Am Artikel:Dat huet him awer net vill bruecht, well d'Buerg nach am selwechte Joer duerch franséische Minne schwéier a Matleedenschaft gezu gouf.

Wou kënnt déi Informatioun vun de Minnen hier? --2A02:A03F:A199:6C00:512A:F001:70EA:BEBF 14:33, 29. Dez. 2024 (UTC)Äntweren
Gudde Mëtteg,
Dat ass esou aus dem Buch „Luxemburg: eine Zeitreise“ iwwersat (S. 91) („… noch im gleichen Jahr durch französische Minen schwer beschädigt…“). GilPe (Diskussioun) 17:01, 29. Dez. 2024 (UTC)Äntweren
Ech mengen do wousst een Auteur net wat eng Minn ass. Minne si jo keng Artilleriesmunitioun. Déi gi jo normalerweis op de Buedem geluecht an explodéiere wann een drop trëppelt oder driwwer fiert. Ech froe mech wéi dat da bei enger Festung soll goen. Et sief de Genie hätt d'Festungsmaueren ënnerminéiert (sapéiert) sou datt se an e Koup gefall sinn. --2A02:A03F:A199:6C00:3014:C3C9:3DC9:168B 17:56, 29. Dez. 2024 (UTC)Äntweren
Et muss ee sech och d'Fro stellen, firwat de Mansfeld, seng eege Buerg sollt ofbrenne gelooss hunn. UM INPA Soe se: En 1552, lors d'un conflit armé entre des troupes françaises et la garnison espagnole de la forteresse de Luxembourg, le château de Dudelange a été entièrement détruit. --2A02:A03F:A199:6C00:3014:C3C9:3DC9:168B 18:18, 29. Dez. 2024 (UTC)Äntweren