Op den Inhalt sprangen

Diskussioun:Bulgaresche Lew

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Wann de Lew eréischt 1999 agefouert sollt gi sinn, wéi huet d'Wärung da virdru geheescht?? Zinneke (Diskussioun) 20:39, 13. Feb. 2024 (UTC)[äntweren]

Ech hunn et mol aktualiséiert. Virun 1999 huet de Lew eigentlech Lewa geheescht. Mobby 12 (Diskussioun) 10:13, 14. Feb. 2024 (UTC)[äntweren]
Moien, "Lewa" ass d'Méizuel vu "Lew"...
Och feelt am Artikel, dass de Cours vum Lew un dee vun der D-Mark gebonne war, an haut och dem Ëmrechnungstaux vun der Mark zum Euro entsprécht. Kuck emol an anere Sproochversiounen, wat do un Informatiounen ass. Tabelle mat Biller vun deene Sue wieren och net schlecht (kann ee vun der däitscher Wiki knäipen).
Moien, do hat ech mol mam Lew an der Lewa geiert. De Cours vum Lew an der D-Mark wäert ech nach dobäisetzten. Den eenzege Problem ass, datt et keng Tabell(e) vun de Sue ginn. Et ginn der nëmmen dräi Fotoen vun de Mënzen.
Effektiv, do gëtt et nach näischt (hat ech net nogekuckt). D'Fransousen hunn ëmmerhin eng Tabell vun de Mënzen (déi mat deenen aktuelle géing duer), wann och ouni Biller. Vläicht häss de Loscht, déi z'iwwersetzen?