Diskussioun:Carmen Heyar

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Untitled

Moien

Ech liesen:

Mam Paul huet d'Carmen Heyar an der Bretagne och dem verstuerwenen Helmt Finsterlin säi geheime levain de pain entwéckelt, deen iwrejens ni kommerzialiséiert ginn ass an och net wäert ginn, well dëst esou an der Natuur vun dëser Saach léit.

Meng Fro: wat gi mer hei gewuer. Ee Geheimnis dat et net gëtt oder ni wäert ginn. Wann et geheim war, da war jo mol éischtens schons entwéckelt, an et huet keen aneren et brauchen z'entwéckelen. Wat ass dann esou intressant un eppes, dat kee gewuer ka ginn. ?? Les Meloures 12:47, 24 Oktober 2007 (UTC)

Moien och
An ech liesen och nach: ... an huet seng dräi mëttlerweil erwuessen eege Kanner selwer erzun.
Meng Fro: Musse mer elo all déi Persounen, déi hir mëttlerweil erwuessen eege Kanner selwer erzunn hunn, hei ernimmen? All Respekt fir d'Fra, mee déier Frae ginn et bestëmmt zig-dausend. --Pecalux 13:27, 24 Oktober 2007 (UTC)
Sou lues a lues entwéckelt sech dësen Artikel zu eppes, dat een nëmmen ëm Hallefnuecht bei Vollmound liese kann. Lo musse mer gläich mat de gespëtzte Péil kommen. --Cornischong 16:50, 24 Oktober 2007 (UTC)

Gudde Metteg, léiw Mataarbechter vu Wikipedia. Ech sin d'Carmen Heyar. Ech si KENG Feministin, daat misst een awer w.e.g. eraushuelen. De Begreff: "an huet dräi Kanner" muss och geännert gin: "D'Carmen Heyar ass Mamm vun dräi Kanner". Schliesslech hun déi dräi Kanner och e Papp, an déi dräi Kanner sin net mäin Eegentum. Merci, a matt frendleche Gréiss, Carmen Heyar.

Gudde Mëtteg och,
Léiw IP 194.154.200.108 alias Carmen Heyard:
Wann ech dës Versioun kucken,

Versioun vum 25. Oktober 2007um 09:57 Auer stellen ech fest datt ganz genau déi selwecht IP 194.154.200.108 de Saz vun der Feministin dragesat huet. Entweder war dir dat selwer oder ee vun äre Kollegen um Staatsserver.

Vun un datt deen Artikel ugefange gouf sinn am ganzen 140 Verbesserunge gemaach ginn dovunner 72 vun der IP. 194.154.200.108. Dat gëtt färrem ze Bedenken. Dofir ouf en och gespaart. D'Feminstin gëtt erausgeholl. Les Meloures 12:48, 8. Jul. 2008 (UTC)[äntweren]

Remoien,

Nach en Fro und'Carmen Heyard: Wat ass oder wat mécht eng Sproochkënschtlerin? Les Meloures 12:59, 8. Jul. 2008 (UTC)[äntweren]


Bonjour Les Meloures, an Dir aaner fléisseg Matarbechter bei Wikipedia. Ech wollt Iech lo endlech selwer kuerz äntwerten: dierf ech Iech op meng nächsten Liesungen bzw. Performances-en alueden, da kéint Dir gesin, waat eng Sproochekënschtlerin mecht an ass zousätzlech zou hiren Bicher, Nouvellen asw., déi se veröffentlecht? Wir daat okay fir Iech?

Ech wollt just kuerz eppes froën: et ass esou, datt ech zwar privat mol ab und zu Gesangscours-en fréier gin hun (nooweisbar), mee eejentlech ennerrichten ech daat, waat ech beim Joland Rodio (a bei: Matthias Schenk, Hermine Bredeck, Christa Waltjen, Jürgen Schriefer) asw. geléiert hun, an zwar noweisbar als Workshopleederin: wir et also méiglech, ennert der Theaterrubrik eng nei Rubrik unzebrëngen:

1) Enseignement (workshops):

- "Stimme, Bewegung und graphische Notation" (do ass e copyright drop!) - "Rhythmus und Stimme" - "Voices"

2)

Desweideren: An de 70-er Joren huet d'Carmen d'Cours-en an diction française beim Eugène Heinen besicht, an ass an där Zäit och zesummen matt hire Frënn op d'Barrikade geklommen, fir der Atomenergie, bzw. der "Kernspaltung" entgéint ze wierken.

3)

"Frage und Antwort fußen auf einer in Zeiten des Einehitsdenkens und politisch Korrekten seltenen Ansicht" G. Pisani, Z.L.V., 3te Januar 2008.

Ech wollt just drop hiweisen, datt ech e Fong uléeen matt Material fir d'Öffentlechkeet. Do fannt Dir dann Opnaamen vu menger Aarbecht mam Jolanda Rodio, schrëftlech Ënnerlaagen a beglaubegt Schéiner, Plakater vu mengne Cours-en, asw., an och Partitiounen vu mir (:-)


Gudde Moien,
Hei stoung en Text dragesat vun der IP 194.154.205.47
Deen Text gouf geläscht, well et fir lb:Wikipedia net nozevollzéien ass ob en tatsächlech vun där Persoun kënnt déi ënnerschriwwen huet, an e keng valabel enzyklopedesch Informatioun gebueden huet.
Polemiken, an Allusiounen, grad esou wéi d'Äntwerten doropper hunn hei näischt verluer.
Les Meloures 10:50, 30. Okt 2008 (UTC)