Diskussioun:Cercle artistique de Luxembourg

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Vu wou ass déi Informatioun dat de Salon vum CAL zënter 1995 nëmmen all zwee Joer soll organiséiert ginn? --Fliedermaus

Salut. Op der CAL-Websäit ënner Salons steet beim "Prix Grand-Duc Adolphe " (!!) eng Lëscht vun "PRIX ET LAUREATS". An do fannen ech "1995 Patricia Lippert, peintre

1997 Jeannot Bewing, sculpteur 1999 Anna Recker, peintre 2001 Isabelle Lutz, peintre 2003 Sonja Roef, peintre, sculpteur 2005 Luc Ewen, photographe. Ech huelen un, datt doropshin ee geduecht huet, de Salon fir all zwee Joer, obwuel ee beim "Prix Pierre Werner" misst gesinn, datt "déi aner Joren" och eppes lass war. --Cornischong 07:51, 19 September 2007 (UTC)

Ech fannen et komesch dat am Reglement vum "Prix de Raville" steet: Le PRIX DE RAVILLE revient à l’artiste membre ou non-membre du CAL dont l’oeuvre exposée au Salon du Cercle Artistique de Luxembourg an am Artikel: De CAL organisiéiert e Salon, de Salon vum CAL, wou d'Membere kënnen hir Wierker ausstellen. Ass et net esou dat all Artist (Member oder Net-Member vum CAL) engem Jury eng Rei Wierker présentéiere kann an dëse Jury décidéiert op déi Wieker an d'Austelleung kommen oder net?--Fliedermaus 08:48, 24 September 2007 (UTC)

Da kéinte mer mol den Euro geheien, ob et CAL oder C.A.L. ass. Am Artikelche stinn déi béid. --Cornischong 09:23, 9. Jul. 2009 (UTC)[äntweren]

Mam Kapp duerch d'Mauer?[Quelltext änneren]

"plus en N vu datt den C hei net Ssee mee Tzee ausgeschwat gëtt": A wien hätt dat da geduecht? De "CAL" gëtt KALL ausgeschwat! An net "Tzee A Ell". Do hëlleft suguer en Ausruffungszeechen näischt. De Problem mat de Verbesserwësser, déi richteg Saachen zerbesseren, ass, wéi et schéngt, nach net geléist. --Cornischong 11:02, 9. Jul. 2009 (UTC)[äntweren]

Well ech dëse Weekend e puer Leit vum CAL wäert gesinn, kéint ech mer, wann d'Zweifelen nach net ganz ewechgeraumt sollte sinn, vun deenen e Certificat schreiwe loossen. Kee Probleem. Virum Sonndeg einfach nëmme Bescheed soen. --Cornischong 21:38, 9. Jul. 2009 (UTC)[äntweren]

Auszuch aus de Statuten:
Art. 1er. Le CERCLE ARTISTIQUE DE LUXEMBOURG, en abrégé C.A.L., créé en 1893 a Luxembourg, est

constitué sous forme d'association sans but lucratif au sens de la loi du 21 avril 1928 telle que modifiée par la suite.

Domatter dierft och kloer sinn datt et net CAL ass. A wa Punkten tëscht de Buschtawe stinn ass et och zimmlech kloer datt bei der Ofkierzung all Buschtaf eenzel ausgeschwat gëtt.
Les Meloures 22:23, 9. Jul. 2009 (UTC)[äntweren]