Diskussioun:Charlotte (Gromper)

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Si ass haaptsächlech festkachend bis fest kachend.

Gëtt et do keng normal Kichenausdréck derfir oder wéinsten där wou een normale Mënsch sech eppes drënner virstelle kann. --Les Meloures (Diskussioun) 14:06, 2. Mee 2012 (UTC)[äntweren]

Ech si selwer kee grousse Kach a ka mer och net wierklech eppes drënner virstellen, mee ech hu mer soe gelooss datt esou Bezeechnungen an Däitschland de Gebrauch si fir de Kachtyp unzeginn:

  • "fest" fir Gromperenzalot, Salzgromperen, a gebrode Gromperen,
  • "éischter fest" fir Salzgromperen, gebrode Gromperen, Pellgromperen, Fritten a Rösti,
  • "mieleg" fir Eintopf, Püree, Gratin, Zopp, etc.

D'Fransousen deelen anescht an, a kulinaresch Gruppen A, B an C. Do versteet een intuitiv nach manner. --Otets 15:10, 2. Mee 2012 (UTC)[äntweren]

Datt et eng relativ fest Gromper ass, dat ass bekannt, et sinn déi Partizipen déi sou wéi an den Oueren dinn. --Les Meloures (Diskussioun) 15:50, 2. Mee 2012 (UTC)[äntweren]

Jo, "kachend" ass net grad gutt Lëtzebuergesch. Wat de fräie Gebrauch vun der Gromper ugeet, ech huelen un datt vun 1981-2011 déi franséisch Lizenz néideg war, an duerno eeben net méi. --Otets 23:43, 2. Mee 2012 (UTC)[äntweren]