Diskussioun:Chartreux

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Salut

A wéi nenne mer d'Pateren wann d'Kaz Chartreux heescht an net méi Chartreux-Kaz Les Meloures 10:51, 11 Juli 2007 (UTC)

Wann eis schweedesch, spuenesch, engleschsproocheg an däitschsproocheg Kolleegen dat Déier "Chartreux" nennen, kënne mer dat Béischt net Kaz nennen. Fir d'Patere bleift nach "Chartreux-Pateren" "Chartreuse-Pateren" oder "Kartaiser". Just, wéi nenne mer de Chartreux-Pateren hir Chartreux? --Cornischong 11:04, 11 Juli 2007 (UTC)
Wa mir bei Chartreux Kaz dobäi wëllen hunn, kann een se Chartreux (Kaz) nennen, awer op kee Fall Chartreux-Kaz. An dann hätte mir Chartreux erëm fräi fir d'Pateren --Alexandra 14:45, 11 Juli 2007 (UTC)
Salut just wéinst der Frendlechkeet déi alt schonns sou dacks bemängelt gouf.
Domatter ka jidderee liewen.
Just nach eng allgemeng Bemierkung awer net nëmmen zu dësem Fall.
Ech fannen et och net korrekt datt eng Säit déi e User ugeluecht huet einfach geläscht gëtt an dann duerch eng nei ersat gëtt. Et wier vläicht besser déi ze réckelen an dann duerno ze läschen, da geet den Historik wéinstens net verluer an deen, deen d'Säit gemaach huet fënnt se och a senge Kontributiounen erëm. Dat wier déi mannsten Héiflechkeet déi mer vis-à-vis vun anere Mataarbecheter missten hunn, an d'Resultat ass dat selwecht. Les Meloures 15:43, 11 Juli 2007 (UTC)