Diskussioun:Cinematograph

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Cinematograph oder Cinematograf[Quelltext änneren]

Ech hat Ufanks am Artikel "Cinematograf" geschriwwen (awer mam Lemma "Cinematograph", deen ech dunn hätt solle réckelen op "Cinematograf", mee ech hat dat vergiess). Mir benotze "Fotograf", dowéinst wollt ech nofroen, op mir "Cinematograph" och solle mat "f" schreiwen? Ech weess net, wat richteg ass, oder et esouwuel mat "f" a mat "ph" korrekt ass. --Bdx (Diskussioun) 13:35, 27. Dez. 2021 (UTC)[äntweren]


Moien och,
Zanter datt mer ufaangen hunn eis u veschidde Reegelen hei ze halen déi am Ufank adoptéiert goufen, an déi bis elo nach vu kenger Schreifweis op d'Kopp gehäit goufen benotze mer de ph ausser bei Ausname wéi Fotograf (an nach vläicht e ruer anerer). Doriwwer eraus gëtt an der Reegel all Kéiers wann d'Wuert en typesch welschen, laténgeschen, oder griicheschen Aschlag huet de ph gebraucht, dat heescht bal ëmmer.
Iwwregens aus de Fotoen am Artikel geet keen Ënnerscheed tëscht dem Cinematograph an dem Kameramann/fra ervir. Ech géif d'Office soen ech gesinn do nëmme Kameraleit. Vläicht ass den Ënnersched just theoreetesch. Ech ka mer och schlecht dëser Difinitioun no e Cinematograph virstellen deen net Kameramann ass. --Les Meloures (Diskussioun) 14:14, 27. Dez. 2021 (UTC)[äntweren]
OK, Merci fir déi Erklärung iwwer d'Endung. Et gëtt en Ënnerscheed tëscht dem Cinematograph a Kameramann/fra (obwuel de Cinematograph natierlech och déi zweet Roll kann erfëllen). De Cinematograph ass u sech de "Regisseur" vun allem, wat Kamera betrëfft, fir et vereinfacht ze soen. Ech ginn da muer nach eng Kéier driwwer, fir ze probéieren, et méi kloer ze maachen. Merci fir de Feedback. --Bdx (Diskussioun) 14:32, 27. Dez. 2021 (UTC)[äntweren]
Merci, fir deng Erklärung hei, ech hat mer just e puer Gedanke gemaach, well sou wäit wéi ech erausfonnt hunn ass Kameramann e Beruff deen e léiere kann, fir de Cinematograph hunn ech näischt am Sënn vun enger Léier fonnt. Domat wëll ech awer näischt am Artikel kontestéieren. --Les Meloures (Diskussioun) 14:42, 27. Dez. 2021 (UTC)[äntweren]
Hallo, ech hunn den Artikel e bëssen ausgebaut, an hoffen, datt en elo manner konfus ass. Et stëmmt, datt déi meescht Ausbildungen, déi ech fonnt hunn, och meeschtens nëmme fir Kameraleit sinn. Mee et ginn och Masteren fir Cinematographen; et muss een awer éischter no "Director of Photography" sichen. So mir Bescheed, falls den Artikel nach weider Froe sollt opgeheien. --Bdx (Diskussioun) 10:37, 30. Dez. 2021 (UTC)[äntweren]
Flott, Ass menger Meenung no gutt duergestallt --Les Meloures (Diskussioun) 11:05, 30. Dez. 2021 (UTC)[äntweren]