Diskussioun:Déck Mënz fir de Prënz

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Moien,

D’Idee vum Superjhemp gehéiert menger Meenung no éischter als Opfëllmaterial an den Artikel vum Personnage Superjhemp --Les Meloures (Diskussioun) 18:01, 13. Dez. 2019 (UTC)[äntweren]

Moien, kuck emol déi Schabloun hei, déi kinnts d'an den Artikel 'abauen' (kopéieren):

--Zinneke (Diskussioun) 14:37, 14. Dez. 2019 (UTC)[äntweren]


Fënsteren[Quelltext änneren]

Hien trëtt ëmmer mat zerdepperten Fënsteren op

Dovun ofgesinn datt zerdeppert kee lëtzebuergeschen Ausdrock ass, weist déi Behaaptung datt den Auteur iwwer Saache schreift déi en net kennt. Déi éischt Fënster geet am 17. Band kapott an et ass mol net de Superjhemp selwer dee se futti gemaach huet. --Les Meloures (Diskussioun) 21:34, 15. Dez. 2019 (UTC)[äntweren]
Vill Geschreifs a Verbesserunge vun Niewesächlechkeeten awer et wëllt keen ons soen ëm wat et geet. Dat schéngt jo awer de Sënn vum Artikel ze sinn, oder hunn ech eppes schlecht verstanen. --Les Meloures (Diskussioun) 14:48, 18. Dez. 2019 (UTC)[äntweren]


Déi flitt doropshi mat engem bloe Vëlo op d’Äsch-Plage.
Wéi flitt si da mat dem Vëlo, a fir wat ass et wichteg datt dee Vëlo soll blo sinn. --87.64.59.46 19:37, 18. Dez. 2019 (UTC)[äntweren]


Mat dem klenge Prënz um Vëlo, geréit si e Steen a fëllt.
Dat stëmmt dach guer net. --87.64.59.46 19:37, 18. Dez. 2019 (UTC)[äntweren]


Moien, "flitt" ass natierlech falsch a gouf ersat duerch "flücht", Merci fir den Hiweis. Menger Meenung no ass et awer wichteg, dat de Vëlo blo ass, well dat dem Superjhemp e klengen Hiweis op de Verbriecher gëtt. (Nodeem de Superjhemp erzielt, dat de Verbriecher mat engem bloe Vëlo entkomm ass, erënnert sech de Facteur, dat Gemeng Äsch gratis blo Vëloen zur Verfügung stellt.) Beschreiwung, wéi de Verbriecher iwwerféiert gëtt, gouf verbessert. --Luxusbuerger (Diskussioun) 07:33, 19. Dez. 2019 (UTC)[äntweren]


an huet de bloen Hirsch getraff.

a wat ass du geschitt? hunn déi zwéi sech du begréisst an e Patt zesumme geholl? --Les Meloures (Diskussioun) 12:31, 26. Dez. 2019 (UTC)[äntweren]