Diskussioun:Diplôme d'études approfondies

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Moien, An der Belsch, wou z. B. am Droit vu virera fënnef Studiejoere virgeschriwwe waren, gouf et keen DEA.

An anere Fächer, z. B. an de Philo-Lettres-Fächer (Sproochen, Philosophie, Geschicht, Konschtgeschicht an Archeologie...), an der Ekonomie, an der Science politique an an der Sociologie, an och an de Sciencen (Mathematik, Physik, Chimie, Biologie...), gouf et vill Ofschlëss - wéi a Frankräich - no véier Studiejoeren.

Eng Thees konnt een an der Belsch dann ufänke, wann een eng wierklech gutt Moyenne générale an der (zweeter) Lizenz [a Frankräich war dat deemols d'Maîtrise] hat (am Idealfall 16/20 oder méi), an ee Patron fonnt huet, fir d'Aarbecht un der Thees ze begleeden. Wichteg war och, datt ee, wann nëmme méiglech, och iwwer eng Bourse oder soss finanziell Mëttel (e remuneréierte Posten als Assistent, z. B.) verfügt huet.

Et goufen awer op de belschen Unien eng ganz Rëtsch "Licences spéciales", déi een no der (zweeter) Lizenz konnt maachen, z.B. "Infodoc", eng Formatioun vun engem Joer fir zukënfteg Dokumentalisten an Archivisten an de Verwaltungen oder an de Betriiber.

Mam Bolognaprozess (Bachelor, am Prinzip no 3 Joer -> Master no 3 + 2 Joer -> Doktorat no 3 + 2 + wéinstens 3 Joer) huet alles geännert.

Ech weess net, ob an der Belsch - vläicht net emol op all Uni - antëscht een Diplom agefouert gouf, deen DEA heescht. Mee virum sougenannte Bolognaprozess goufe, wéi gesot, Studente mat enger gudder Gesamtmoyenne zum Doktorat zougelooss. Iwwregens, déi flämeschsproocheg Studenten, déi eng (zweet) Lizenz haten, goufen "Doctorandus" genannt: domat gouf gewisen, datt se wéinstens potenziell ënnerwee ware, fir eng Kéier Dokter an hirem Fach ze ginn. An anere Wierder: hiren Niveau huet dem deemolege franséischen DEA entsprach.

Gréiss, C.


Moien och,
Da wousst d'Uni vu Louvain dat bestëmmt ni.
Déi schreift z. B. dat hei: En 2006-2007, tous les étudiants admis au doctorat seront inscrits au DEA correspondant. Ils seront répartis ultérieurement dans les formations doctorales thématiques.
Oder ass do mat DEA eppes anescht gemengt? --Les Meloures (Diskussioun) 10:45, 2. Feb. 2022 (UTC)[äntweren]
Re-bonjour,
Majo, da gëtt et wéinstens eng belsch Uni, déi am Kader vum Bologna-Prozess eng Zort Virbreedung op déi eigentlech Thees organiséiert. Ech wousst dat net, an ech soë merci fir d'Informatioun. Ech huelen dann un, datt deen DEA zu engem Zertifikat féiert, deen d'Formatioun oder d'Ulafzäit bestätegt. Elo misst een nach kucken, ob deen DEA an der ganzer Belsch eng allgemeng Realitéit ass, deemno an allen dräi linguistesche Communautéiten.
De Probleem mat den Zertifizéierungen an Diplomer ass, datt et heiansdo een an deeselweschten Numm fir ganz verschidde Saache gëtt. Z.B. gëtt et zu Namouer, Louvain-la-Neuve an och vläicht Léck den diplôme vum "bachelier", warschäinlech fir dat englescht Wuert "bachelor" (=> no 3 Joer Uni) net mussen ze gebrauchen. A Frankräich ass ee "bachelier" een, dee just de "baccalauréat" (wéi eise Premièresexamen) bestanen huet. Hannert den Nimm muss een deemno d'Realitéit, d. h. de Contenu kucke goen. - Gréiss, C. 195.46.241.231 15:22, 2. Feb. 2022 (UTC)[äntweren]