Diskussioun:Djuna Bernard

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Zu waterenger Partei gehéiert d'Conférence Générale de la Jeunesse oder watereng Politik mécht se?

Léiwen anonyme Schreiwer, eng kuerz Sich um Spaweck seet der, datt d'CGJL den Dachverband vun de Jugendorganisatiounen zu Lëtzebuerg ass, méi ënner www.cgjl.lu --Sultan Edijingo (Diskussioun) 07:53, 12. Abr. 2020 (UTC)[äntweren]
Ech hu gefrot well dem Artikel no schéngt d'Presidentschaft dervun e politescht Mandat ze sinn. --87.65.83.203 08:04, 12. Abr. 2020 (UTC)[äntweren]
Merci fir d'Nofro. Besser nach wier gewiescht: selwer nokucken a verbesseren oder selwer den Artikel Jugendkonferenz uleeën. --Sultan Edijingo (Diskussioun) 09:56, 12. Abr. 2020 (UTC)[äntweren]
Entschëllegt, ech wollt selwer näischt änneren, an ech wollt och keen ustellen eppes ze maachen. Et huet mech just gewonnert. --87.65.83.203 10:00, 12. Abr. 2020 (UTC)[äntweren]
Moien, hei hu mer e gutt bBeispill, wéi Wikipedia fonktionéiert: duerch (Iwwer)liese fällt eng Onkloerheet op, e Link gëtt gesat, e kuerzen Artikel geschriwwen, deen d`Erkläerung liwwert, a schonn ass nees e Puzzlestéck bäikomm. De Froestellert ass natierlech häerzlech invitéiert, no Loscht an Intressi och matzemaachen. --Zinneke (Diskussioun) 16:16, 12. Abr. 2020 (UTC)[äntweren]