Diskussioun:Eisebunnsstreck Péiteng - Fond-de-Gras - Doihl

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

D'Schinne gin mat Tirefondën un d'Schwellen ugeschrauft an de Betrib tëschend dem Doihl an dem Bois châtier gëtt agestallt.

Ech vertinn dee Saaz do nët richteg. Firwaat ginn d'Schinne nach mat Tirfonden ugeschrauwt wann de Betrib agestallt gëtt. Les Meloures 16:02, 31 Oktober 2006 (UTC)

Versteess d'en dann elo, no enger klenger Korrektur, richteg? --Pecalux 16:55, 31 Oktober 2006 (UTC)

Dat "astellen" huet e puer Bedeitungen, engem eng Aarbechtsplaz ginn, sech op eppes astellen, e Wecker (a)stellen. E Betrib léisst sech beim beschte Wëllen net astellen. --Cornischong 17:25, 31 Oktober 2006 (UTC)

Merci un e Pecalux fir d'Verbesserung, ech haat eigentlech vum Artikelschreiwer eng erwaart mee ech gesinn elo de Carlos ass scho lang nët méi aktiv. Daat mat deem astellen kréie mer dann och nach op d'Schinn :-)) Les Meloures 18:11, 31 Oktober 2006 (UTC)

Da kéint vläicht een emol erklären, wat "Tirefondën" sinn; mat enger Foto wier dat nach vill méi gutt. Merci. --Cornischong 18:32, 31 Oktober 2006 (UTC)

Moien,

Wéinst den enke Kéieren an deem liichten Ënnerbau vum Gleis si nëmmen 3-achseg Damplokomotiven agesat ginn.

Mer liicht net ann, firwat dräiachseg Lokomotive solle besser duerch d'Kéier kommen, wéi z.b. zweeachseger. Oder war dat e spezielle Bautyp. Les Meloures 21:25, 11 November 2007 (UTC)
Vläicht liicht et der awer an firwaat 4- an 5-achseg Lokomotiven net gutt duerch d'Kéiere komm sinn. Duerch dee laangen Achsofstand hunn dës Maschinnen zevill an den enke Kéiere gebruet, wat eng iwwerméisseg Usure vun de Gleiser bedeit huet, oder si sinn schlëmmstefalls entgleist. Déi 2-achseg Maschinne waren awer dacks ze liicht a net staark genuch fir déi schwéier Minettsrammen ze zéien. --Pecalux 08:16, 12 November 2007 (UTC)

Ok, merci. Dat ass ze verstoen. Les Meloures 08:58, 12 November 2007 (UTC)