Diskussioun:Ekologesche Foussofdrock

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

deen ass fir dësen Indicateur erfonnt ginn an gëtt just dofir benotzt, an en Artikel gëtt es souwisou net. All weider Info soll also an dësen Artikel hei agebaut ginn)

Wéi brénge mer dann engem dee gär erausfënnt wat e globalen Hektar' ass d'Iddi bäi, datt e muss bei ecologeschem Foussofdrock kucken. Datt et keen Artikel gëtt ass keen Argument derfir, datt et an Zukunft keen Artikel soll ginn. Datt aner Wikien sou en Artikel hunn, wäert da wuel bei deene vun Dommheet hinn. De Begrëff Wikipedia bedeit datt Lemmata kënne wikifizéiert ginn an dann an engem eegenen Artikel explizéiert ginn, an net ënner engem anere Lemma wou keen onbedingt direkt derno siche geet. Soss brauche mer den Artikel Meter Karee och net well dee ka jo ënner dem Lemma Fläch erkläert ginn, an d'Waasser kann ënner dem Lemma Baach erkläert ginn asw. ..asw. Dovun ofgesinn ass deng Behaptung e géif nëmme just fir den Indicateur Ecologesche Foussodrock gebraucht ginn, falsch. Wann en och am Zesummenkank vum Ecologesche Foussofdrock op d'Welt komm ass, gëtt an der Tëschenzäit och fir aner Vergläicher gebraucht. --Les Meloures (Diskussioun) 10:28, 2. Feb. 2015 (UTC)[äntweren]


Déi Resultater vum WWF si ganz diskutabel, dat behaapten net ech, mä anner Rapporten iwwer de Foussofdrock. Wann een z.B hir Tabell kuckt aus där ons Resultater ofgegraff sinn, a wann een hir Argumentation liest, da kënnt een net derlaanscht fir unzehuelen datt se alles zweemol verrechnen.
Si soen: L’Empreinte d’une nation dépasse sa biocapacité (situation baptisée « défi cit ou dette écologique ») si la nation effectue des prélèvements dans les écosystèmes à un rythme supérieur à celui auquel ils se régénèrent, exploitant ainsi les ressources accumulées au fil du temps; si elle importe des produits, et puise de ce fait dans la biocapacité des autres nations ; et/ou si elle utilise les biens communs mondiaux, par exemple en émettant du dioxyde de carbone (consommation de combustibles fossiles) dans l’atmosphère.
Op déi Manéier wéi et hei beschriwwen ass, huet de Kuweit e Klompfouss well e vill Pëtrol exportéiert. Deeselwechte Pëtrol gëtt dann nees bei engem anere Land nach eng Kéier verrechent well dat en importéiert. Da behaapt de WWF nach datt wann ee Bëscher géif uplanzen da géif den CO2 erofgesat ginn, wat komplett nieft der Schinn ass. Perséinlech genéissen ech duerfir sou Zuele mat ganz grousser Virsiicht, an ech mengen Wikipedia sollt dat och maachen well de WWF zevill unilateral schafft an dofir subjektiv ass an nëmmen dat am beschte Liicht presentéiert wéi et him gefällt. --Les Meloures (Diskussioun) 15:19, 2. Feb. 2015 (UTC)[äntweren]