Diskussioun:Eldoradio

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

" RTL huet enner aanerem undeeler um Eldoradio, waat sech doduerch äussert dass verschidden Animateuren no hierer Zait beim "Eldo" beim RTL erëmzefannen sin ": Et wier iwwerhaapt emol interessant gewuer ze ginn, wiem den "Hitradio" gehéiert a wéi de juristesche Status ass. Datt den Hitradio mat senge "ganz aktuellen Traffic- an Radar Infoen" méi aktuell Radar-Infoen hätt wéi déi aner Hitradioen, wonnert mech och e bëssen. --Cornischong 08:55, 8 Februar 2007 (UTC)

"Op der kritiséierter Affiche": Wou war déi Affiche ze gesinn a wien huet wou kritiséiert? Merci. --Cornischong 09:07, 8 Februar 2007 (UTC)

d'Affiche woar laang Zäit och als grousst Bild op der Startsäit ze gesinn (dat weiblecht Modell ass iwwregens de d'Mandy Graff). Kritiséiert gouf dëss Affiche vun den Responsablen vun de stater Busser.
Selwer provozéiert "Skandälecher" fir vu sech schwätzen ze doen, an déi scho laang nees vergiess sinn, mussen a mengen Aen net och nach hei breetgetrëppelt ginn. Och wonnert mech, datt de Radio, deen 1991 gegrënnt gouf, "2006 iwregens säin 10. Gebuertsdag" soll gefeiert hunn. Reklamm fir Telefonsnummere brauche mer hei och keng. All dëst hunn ech erausgeholl. --Zinneke 08:31, 13 September 2007 (UTC)