Diskussioun:Côte d'Ivoire

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Diskussioun:Elfebeeküst)

Elfebeeküst gëtt dach haut am lëtzebuergesche Sproochgebrauch net méi gesot (och net an de Medien, Regierung, ONG...), esou gutt wéi ëmmer gëtt Côte d'Ivoire benotzt. (Ass Elfebeeküst iwwerhaapt soss iergendwann eng Kéier majoritär benotzt ginn?). Mee falls een de Lemma Elfebeeküst hällt, da soll awer wgl keen "Côte d'Ivoire" duerch "Elfebeeküst" ersetze goen, well dat sécher net méi richteg ass wéi dat anert. --Bdx (Diskussioun) 17:17, 19. Nov. 2013 (UTC)[äntweren]

Leider geet bei onse Medien wéi et dem Bauerejong mam Mëschtkaascht ergaangen ass. --80.200.205.230 17:27, 19. Nov. 2013 (UTC)[äntweren]
Moien, ech selwer kann dat schlecht beurteelen; Du schéins méi Kontakter mat 'Leit um Terrain' ze hunn, bei deenen s De ofschätze kanns, wat fir en Terme méi geleefeg ass. Wa keen haart jäizt, kann een de Lemma ouni Problem réckelen; et muss ee just dann d'Linken och ëmbenennen, fir konsequent ze sinn. --Zinneke (Diskussioun) 22:16, 19. Nov. 2013 (UTC)[äntweren]
Ech schléisse mech dem BDX un, aleng scho fir datt d'Lëtzebuerger Touristen net agespaart ginn, well d'Wike.de wees ze soen: Im Lande selbst ist die Benutzung einer anderen als der offiziellen Bezeichnung unter Strafe verboten. Auch wörtliche Übersetzungen des Namens in andere Sprachen fallen unter dieses Verbot. --Jwh (Diskussioun) 23:35, 19. Nov. 2013 (UTC)[äntweren]
Mier ass et egal wéi se heescht oder wéi se hei genannt gëtt, ech stelle just Fest datt d'Transmuselaner se trotzdeem anscheinend wichtege Verbuet selwer op der de:Wiki Elfenbeinküste nennen an aner Wikien se och an hirer eegener Sprooch féieren. Fir Rescht wéi dacks datt den Numm gebraucht gëtt oder net, dierft eigentlech net relevant ze sinn ausser et wier en Neologissem op der Wikipedia. Wann et ëmmer de Medien nogaange wier, besonnesch deene geschriwwenen, da wier d'Lëtzebuergesch an der gerschriwwener Sprooch scho 50 Joer laang ausgestuerwen. --Les Meloures (Diskussioun) 07:29, 20. Nov. 2013 (UTC)[äntweren]
Schéine gudden Muerjen, et ass mir bei deem Zitat just drëm gaangen d'Lëtzebuerger Touriste vru Schued ze bewahren. Sécher gëtt am Däitschen net Kott Diwoir benotzt, mä grad wéi an den anere Sproochen de gebräichlechen Numm. Do mengen ech eebe grad wéi de Bdx datt "Côte d'Ivoire" sech bei eis agebiergert huet, en erfreeleche Bewäis datt trotz dem Simon senge Beméiungen d'Verwelschung vum Lëtzebuergesche monter weider geet. Ma am Fong, vu den edukative Charakter vu Wikipedia, kann den Numm och sou bleiwen. --Jwh (Diskussioun) 08:13, 20. Nov. 2013 (UTC)[äntweren]

Mir ass et am Fong net esou wichteg, op de Lemma Elfebeeküst bleift oder op et op Côte d'Ivoire gerécklet gëtt. Ech well just net, datt am Artikel selwer d'Wuert Côte d'Ivoire iwwerall duerch Elfebeeküst ersat gëtt. Et huet och kee vun ierch mir gesot, op Elfebeeküst elo op lëtzebuergesch tatsächlech benotzt gëtt, oder op déi Persoun, déi den Artikel ugeluecht huet, sech einfach bei der däitscher "Elfenbeinküste" inspiréiert huet? Et sinn iwwregens nët nëmmen d'Medien, déi am lëtz. Côte d'Ivoire benotzen, mee och all Persoun an Organisatioun déi iergendeppes mat Afrika ze dinn huet (ech hu jiddefalls nach ni Elfebeeküst héieren). An och am Däitschen gëtt iwwregens wéinstens 50% vun der Zäit D'Wuert Kott Diwoir benotzt :) --Bdx (Diskussioun) 10:49, 20. Nov. 2013 (UTC)[äntweren]

Bon, ech hunn haut e Mail un 29 Professionneller aus dem Tourismus geschéckt - alleguerten éierlech Lëtzebuerger.
Sujet: Test; Fro: A wat fir engem Land läit Abidjan?
Krut 21 Äntwerten: 2x Senegal (nu jee), 19x Côte d'Ivoire (wann och net ëmmer richteg geschriwwen) --Jwh (Diskussioun) 23:43, 20. Nov. 2013 (UTC)[äntweren]
Merci fir deng Méi. Ech stelle fest (mat Witz) datt vun den éierleche Lëtzebuerger der dann 2 gelunn hunn, de Rescht de lëtzebuergeschen Numm net wousst, oder gefaart huet fir en ze gebrauchen, an nach e puer anerer kee richtegt Franséisch kënnen an et trotzdeem schreiwen. --80.200.205.230 07:33, 21. Nov. 2013 (UTC)[äntweren]
Ech verstinn net firwat hei e franséischt Wuert verteidegt gëtt obwuel mir e lëtzebuergescht Wuert hunn, wat eng "tel quel" Iwwersetzung ass; Elfebeen: Ivoire, Küst: Côte. Déi Wuert fir Wuert "Iwwersetzung" gëllt och am Däitschen an am Hollänneschen. Kann ee mir dat erklären? Dir héiert méi dat Franséischt awer ech héiere just nëmmen dat Däitscht a menger Klass. De Grond? Ganz einfach déi kucke just däitsche "Fernseh". A mech géif et guer net wonneren datt Dir, sou wéi ech, méi franséisch Medie kuckt oder leien ech do falsch?
Sou wat maache mer elo mat deenen déi Elfenbeinküst(e) soen? Musse mir net dat och an eisem Artikel bäisetzen? Oder wär et net méi logesch sech nees fir e Standard, Koiné, anzesetzen "Elfebeeküst" wou sech d'Fro net stellt op et net "Côte-d'Ivoire" geschriwwe gëtt (Reegel mam Bindestréch wann ee franséisch Wierder eriwwerhëlt) a wou komescherweis d'Eifeler-Reegel bei Elfenbeinküst(e) net applizéiert gëtt.
D'Zäite sinn eriwwer wéini et egal war wéi wat wou stoung. De Sproochecomité kuckt Är Artikelen ier se e Wuert an hirem Dictionnaire bäisetzen, souwéi dem Michel aus dem Spellchecker.lu. Et gëtt also Är Schold wa Kabes drakënnt an net wéi d'Majoritéit mengt deenen Awanderer, well ee vun deene sinn ech. An ech hunn et liicht sat, an ech si kloer net den eenzegen, vun deenen Diskussioune wou jiddwereen am Fong säin Ideal verteidegt a sech net d'Fro stellt wat wier dat logeschst als Standard? Muss dann deen dee grad Lëtzebuergesch léiert véier Wierder kënne fir een eenzegt Land? Wéi soll dat juristesch verlafen? Wat geschitt wa mer op Google eng Variant schreiwen, muss deen dann als Resultat déi 4 Schreifweise ginn?
Dir Wikipedianer verdanke mer datt d'Wikipedia dee gréisste Korpus op Lëtzebuergescher Sprooch ass. D'Wikipedia enthält wann ee rechent op d'mannst elo 7 Millioune Wierder! (Quell: http://stats.wikimedia.org/EN/TablesWikipediaLB.htm). Dir kënnt net méi soen datt d'Wikipedia net do ass fir Wierder z'erfannen, well Är Decisioune beaflossen eng Sprooch! An ech wëll datt dat nëmme fir Positives benotzt gëtt.
Dowéinst hunn ech Wëlles an der nächster Versammlung dobäi ze sinn, fir datt iwwer de "Standard"-Lëtzebuergesch geschwat gëtt an Iech weise wéi de Les Meloures, souwéi zwee Meedercher (déi zwee hunn d'lescht Wuert iwwer d'Decisiounen) an ech eis ustelle fir de "Koiné" vun engem Wuert ze fannen. Well op de Sproochecomité kënne mer laang waarden déi hunn net de Culot fir iergendeng Decisioun ze treffen, well se genau wëssen, ob si eng schlecht Aarbecht vu sech ginn oder eng gutt si gi selwecht bezuelt. De Sekretär dovun huet net mol wollte mir lescht Kéier e RDV ginn, fir iwwer d'Lëtzebuergesch Sprooch ze schwätzen awer eis, Wikipedianer, Iddien ouni Skrupel ze klauen dat wëlle se.
Villmools Merci un Iech alleguer, well op der Wikipedia "ze schaffe" mécht mer Spaass.

--Soued031 (Diskussioun) 13:31, 23. Nov. 2013 (UTC)[äntweren]