Diskussioun:Elie Music Awards

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Diskussioun:Elie Music Award)

U sech schéngt et wéi wa mer dat hei esou stoe kéinte loossen, well am Resumé vum éischten Edit steet: www.elie lu Verfasser: Tom Zigrand (Chef de Projet). Wann dat esou richteg ass, an den Auteur sech hei nach vläicht eng Kéier kéint melle fir dat ze confirméieren, wier dann och kee Problem méi mam Text, oder? A jo, wa schonn, da schonn: eng Koppel Fotoen (och vum Award?) vum Projet géif der Saach bestëmmt gutt doen :-) Kaffi 13:48, 16 Juli 2007 (UTC)

Ofgesi vum "Copy-Paste" misst den Artikel awer nach iwwerschafft ginn.--Fliedermaus 13:58, 16 Juli 2007 (UTC)
Kloer dat, mee et wier jo alt emol en Ufank Kaffi 14:01, 16 Juli 2007 (UTC)
Iwerschaffen as keen Probleem, an och mam Copy Paste net, ech hun mech lo ugemellt hei, ech wollt, daat onsen Award um Wikipedia steet, an wann een mir net gleeft daat ech den Tom sin, hmm, kann meng telefonsnummer heihinpasten wann dir wellt. Ech wollt onach um Artikel schaffen, mais ech sin gin nach net sou super mam Wikipedia Editor eenz, muss mech do nach bessen raschaffen. Photoen kann ech onach dropsetzen, daat as keen Probleem Tomtrie 14:46, 16 Juli 2007 (UTC)

Gudde Mëtteg. "goufen d'Elieën an der Rockhal zu Esch-Uelzecht verdeelt.": Wat soll ech mer dorënner virstellen? E Marzipan-Schwéngchen oder e Pottschamb mat Namurs-Knippercher? Fotoen ass ëmmer gutt, looss se roueg kommen, léiwer eng zevill wéi der dräi net genuch. Ech brauch souwisou eng vu Sixpax. Vergiess net, unzeginn, wie se gemaach huet (den Numm) an datt dee mat d'Accord ass, datt se kënnen uechter d'Welt verspreet ginn!! Merci am Viraus. --Cornischong 15:36, 16 Juli 2007 (UTC)

"Den 11. Juli 2007 goufen d'Elieën an der Rockhal zu Esch-Uelzecht verdeelt.": Dat war also 2007. War dat déi eenzeg Kéier? Wann ech mer de Link wëll ukucken, da kënnt dat Ganzt mer "komesch" vir. --Cornischong 07:52, 13. Okt. 2009 (UTC)[äntweren]