Diskussioun:Emil Krieps

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Diskussioun:Emile Krieps)

Den 2. August 1946, um fënnef Auer moies, sinn den Emile Krieps, de Läitnant Robert Winter, de Majouer Rudy Ensch an de Läitnant Jean Juttel, alle véier Resistenzler, vun der Sûreté verhaft ginn.

Wa meng Ërennerung gutt ass war do och de Capitaine Wormeringer derbäi. Weess do een eppes méi Les Meloures 17:04, 16 November 2006 (UTC)

't schéngt es net. Den Henri-Koch Kent nennt a sengem "Putsch à Luxembourg" de Läitnant Krieps, d'Offizéier Rudy Ensch, de Jean Jüttel (!!). Den 2. August huet "D'Unio'n" gemellt, datt den Albert Wingert och vehaft gi war. --Cornischong 00:08, 17 November 2006 (UTC)


Irtum mengersäits mam Gast Wormeringer. D'Geschicht Wormeringer ass eng aner quokleg Saach an der Geschicht vun der Arméi. Ech probéieren an de nächsten Deeg Kontakt mat sengem Brudder dem Ted opzehuelen. Les Meloures 07:18, 17 November 2006 (UTC)

Wéi kann ech den CV vum aktuellen Präsident vun den anciens combattants de la guerre 1939-1945m des forces des nations unies et des soldats de la paix luxembourgeois, de Colonel Rudy LUTTY op äere Site sétzen? Jo

Gudden owend

Dat geet relatif einfach. Wanns de op dëse Link klicks Rudy Lutty da kriss de eng Säit opgemaach wous de dat draschreiwe kannst. Les Meloures 19:53, 30 Januar 2007 (UTC)

Moien,

An den Artikel huet eng gutt Séil derbäigesat: Den Emile Krieps huet selwer 2 Bicher iwwert den 2. Weltkrich geschriwwen.

Et wier flott fir gewuer ze ginn wéi déi heeschen. Les Meloures 12:52, 13. Jan. 2011 (UTC)[äntweren]

Zweeten Numm[Quelltext änneren]

Moien,

Wéi et schéngt hat den Emil Krieps nach en zweete Virnumm. Op verschiddenen Dokumenter huet hie mat E. H. Krieps ënnerschriwwen. Wees vläicht een do eppes méi. --Les Meloures (Diskussioun) 10:50, 12. Jul. 2020 (UTC)[äntweren]

Ursprénglech huet en Emil Heinrich geheescht, awer am Joer 1987 huet en dat offiziell op Emile Henri ännere gelooss.MMFE (Diskussioun) 11:48, 12. Jul. 2020 (UTC)[äntweren]