Op den Inhalt sprangen

Diskussioun:Entente Biwer-Berbourg

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Sujet derbäisetzen
Vu Wikipedia
Leschte Kommentar: viru(n) 16 Joer vum Les Meloures

Moien,

Ass d'minimes - Equipe schonn ënnergaangen.

Les Meloures 19:26, 4. Abr. 2009 (UTC)Äntweren

Ech bezweifelen d'Berechtegong vun dësem Artikel. Hei meng Argumenter:

  • Laut de Statute vun der FLF, (Règlement sur les membres licenciés, transferts nationaux et transferts internationaux. Artikelen 68 - 78) ass esou eng Entente keen eegestännege Veräin, mee ënnersteet der Autoritéit vun deene Veräiner, déi dra vertruede sinn.
  • Laut deene selwechte Statuten besteet esou eng Entente ëmmer nëmme fir eng Saison a muss all Joers, op Ufro vun de jeeweilge Veräiner, vun der FLF nei confirméiert ginn.
  • Eng Entente besteet ëmmer nëmme fir eng bestëmmt Alterskategorie.

Den Zweck vun der Entente ass deen, fir de Jugendspiller vun engem Veräin, dee selwer net genug Spiller huet fir eng Jugendéquipe voll ze besetzen, d'Méiglechkeet ze ginn fir um Championat deelzehuelen. Ech proposéieren dofir fir dësen Artikel ze läschen an den Inhalt, wann d'Relevanz héich genug ass, an d'Artikele vun de jeeweilege Veräiner (wann et déi scho ginn) z'iwwerhuelen.--Pecalux 11:58, 1. Jun. 2009 (UTC)Äntweren

Moien och,
Gouf eriwwergetässelt
Les Meloures 13:41, 1. Jun. 2009 (UTC)Äntweren